Feyenoord, Bayern, Benfica a Bruges an der Aachtelsfinall

© Photo by Tobias SCHWARZ / AFP
En Dënschdeg den Owend war den Optakt vun der Réckronn vun den Champions-League-Playoffs.
Véier Partie waren en Dënschdeg, wou et drëm goung, fir nach an d'Aachtelsfinallen ze kommen. Wärend Mailand net iwwert en 1:1 géint Feyenoord erauskoum an domadder no der Allersnéierlag eliminéiert war, huet Bruges de Réckewand aus dem Allersmatch mat op Bergamo geholl an hei beim 3:1 iwwer grouss Strecke grad vun der éischter Hallschent dominéiert. D'Bayern hu quasi bis zu der leschter Sekonn gewaart, fir an d'Aachtelsfinall ze kommen, nodeem si no ronn enger Stonn géint Celtic 0:1 a Réckstand gerode waren an den Ausgläich eréischt an der 94. Minutt schéisse konnten. Déi knapp 1:0-Victoire aus dem Allersmatch ass Benfica Lissabon duergaangen, fir weiderzekommen, well beim 3:3 am Retour géint Monaco gouf et e richtege Golfestival ouni Gewënner.
Weider Detailer zu de Matcher
Bayern München - Celtic Glasgow 1:1
0:1 Kühn (63'), 1:1 Davies (90'+4)
Mat enger knapper 2:1-Victoire zu Glasgow haten d'Bayern all Zigel an der Hand, fir an d'Aachtelsfinall ze kommen. Celtic war aggressiv an huet sech net verstoppt. Grad tëscht der 15. a 17. Minutt hate si dräi gutt Chancen, ma beim Ofschloss oder der leschter Pass huet d'Prezisioun gefeelt. Déi gréisste Chance fir d'Münchener bis dohi koum an der 45. Minutt. D'Defense hat de Kane aus den Ae verluer an den Englänner am Déngscht vum FC Bayern krut vum Stanisic eng ideal Virlag. De Britt konnt awer just d'Lat vum Gol treffen, esou datt et beim 0:0 bliwwen ass. Kuerz drop huet den Arbitter d'Spiller an d'Paus geschéckt. Nom Säitewiessel dann direkt nees eng Chance fir Bayern, ma de gudde Schoss vum Goretzka konnt vum Schmeichel am Gol vu Celtic paréiert ginn. Bayern war déi zweet Hallschent méi geféierlech an awer koumen och d'Schotten zu hire Chancen.
No 63 Minutten huet de Kühn vun enger gudder Aktioun vum Maeda an enger schwaacher Defense vun de Bayern profitéiert, fir den 1:0 ze markéieren an esou seng Ekipp fir hir vill Aarbecht ze belounen. An der 70. Minutt hat de Maeda no engem wäite Ball d'Chance op 2:0 ze setzen, ma de Japaner hat de Ball op den Neuer gekäppt an dräi Minutten dono hat de Goretzka mam Kapp just knapp de Gol verpasst. Bayern huet no dëser Aktioun den Drock nach eng Kéier eropgesat, fir eng eventuell Verlängerung ze evitéieren. Den Drock hunn déi Münchener bis zum Schluss oprecht gehalen an hu sech kuerz viru Schluss och belount. Mat engem "Abstauber" huet en Davies den Ausgläich geschoss, nodeem de Schmeichel den éischte Käppert vum Goretzka nach paréiere konnt.
AC Mailand - Feyenoord Rotterdam 1:1
1:0 Gimenez (1'), 1:1 Carranza (73')
Am Allersmatch zu Rotterdam war de Mailänner net ee Gol gelongen a si hu sech missten 0:1 geschloe ginn. Am Retour hu se mol keng Minutt gebraucht, fir hiren éischte Gol ze markéieren. Mailand war am Ugrëff déi éischt 45 Minutten dominant, mat 11 zu 2 Schëss a 64 Prozent Ballbesëtz. Ma e weidere Gol sollt hinnen net geléngen. Kuerz no der Paus huet den Hernandez senger Ekipp d'Partie awer däitlech méi schwéier gemaach, well hien no 51 Minutten déi zweet giel Kaart krut a vum Terrain geschéckt gouf. Rotterdam, déi bis ewell ënnerleeë waren, haten domadder e Mann méi um Spillfeld stoen an dat fir nach ganzer 40 Minutten. Dee Mann méi huet sech gelount a Feyenoord hat op eemol däitlech méi vum Match. An der 73. Minutt huet de Carranza dunn den Ausgläich markéiert, wat den Hollänner duergaange wier, fir an d'Aachtelsfinall ze kommen. Méi sollt an dëser Partie dann och net passéieren, esou datt Feyenoord e bëssen iwwerraschend an d'Aachtelsfinall kënnt.
Atalanta Bergamo - FC Bruges 1:3
0:1 Talbi (3'), 0:2 Talbi (27'), 0:3 Jutgala (45'+3), 1:3 Lookman (46')
Atalanta war doheem gefuerdert, nodeem d'Italiener den Allersmatch an der Belsch mat 2:1 verluer haten. Ma et waren awer d'Belsch, déi de Match am Ufank gemaach hunn. Dobäi huet ee Spiller besonnesch iwwerzeegt: Den Talbi hat no 3 Minutte Bruges a Féierung bruecht an no 27 Minutten och nach op 2:0 erhéicht. Dëse Virsprong war u sech schonn eng Virentscheedung, ma den Jutgala huet an der Nospillzäit dunn och nach op 3:0 erhéicht. Wa Bergamo sech iwwerhaapt an d'Verlängerung rette wéilt, bräichten d'Italiener am zweeten Duerchgang 4 Goler, fir auszegläichen. Wat och ëmmer den Trainer vu Bergamo senge Spiller an der Paus sot, muss Friichte gedroen hunn. Well direkt no Upëff huet de Lookman op 1:3 verkierzt. Deen hat sech och no 58. Minutte gefreet, ma säi Gol gouf wéinst Abseits zeréckgeholl. Eng weider Chance hat de Lookmann dunn no 61 Minutte vum Punkt, ma dëse war ze onprezis geschoss a war keng Erausfuerderung fir de Mignolet am Gol vu Bruges. En negativen Highlight gouf et dunn an de Schlussminutten, wéi den Toloi vu Bergamo wéinst enger Onsportlechkeet vum Terrain gestallt gouf.
Benfica Lissabon - AS Monaco 3:3
1:0 Aktürkoglu (23'), 1:1 Minamino (33'), 1:2 Ben Seghir (1:2), 2:2 Pavlidis (76',p), 2:3 Ilenikhena (81'), 3:3 Kökcü (84')
Bei Benfica stoung de Lëtzebuerger Leandro Barreiro an der Startformatioun. D'Missioun fir d'Portugise war kloer: Mat der 1:0-Victoire aus dem Auswäertsmatch am Réck sech fir d'Aachtelsfinall ze qualifizéieren. No 22 Minutten huet et dunn ausgesinn, wéi wann d'Portugise sech en Avantage kéinten erausspillen. Den Aktürkoglu hat markéiert. Ma d'Freed huet net laang gehalen, well 10 Minutte méi spéit huet den Minamino den Ausgläich markéiert. Mat deem Score goung et dunn och an d'Paus. Monaco koum besser aus der Vestiaire an huet fréi de wichtegen 2:1 geschoss, dat duerch den Ben Sehir. Spannung ass awer an der Partie bliwwen, och well an der 73. Minutt sech de VAR gemellt huet. Den Arbitter huet sech d'Zeen nach eng Kéier ugekuckt an op de Punkt gewisen. 11 Meter fir Benfica, eng Chance, déi sech den Pavlidis net huele gelooss huet, fir nees auszegläichen. Dono goung et Schlag op Schlag. De Ilenikhena huet Monaco an der 81. Minutt nees a Féierung bruecht an den Kökcü huet dräi Minutte méi spéit nees ausgeglach. An de leschte Minutte sollt da kee Gol méi falen, esou datt Benfica déi knapp Victoire aus dem Allersmatch d'Weiderkomme séchert.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.