Karate Club DéifferdengDen Jordan Sibille gewënnt eng Goldmedail op der Youth League

RTL Lëtzebuerg
Zu Fudschaira an de Vereenegten Arabeschen Emirater huet hie sech an der U21-Finall an der Kategorie bis 67 Kilogramm behaapt.
© Serge Feltes (Archiv)

D’Youth League ass een internationale Karate-Tournoi fir jonk Athleten tëscht 14 an 21 Joer. Mat iwwer 2000 Participanten aus 80 verschiddene Länner ass et den héchste Level am Karate, ofgesi vun der Weltmeeschterschaft.

D’Victoire vum Sibille ass domadder e groussen Erfolleg fir de Karate zu Lëtzebuerg a fir de Veräin vun Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO