E Freideg an der Mëttesstonn war den Tirage vun den Aachtelsfinalle bis d'Halleffinallen an der Futtball-Champions-League.

An den Aachtelsfinalle ginn et e puer Matcher, déi et a sech hunn!

Bayern München spillt géint Bayer Leverkusen, Real Madrid kritt et am Derby mat Atletico ze dinn, de PSG muss géint Liverpool untrieden. Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro spillt géint den FC Barcelona.

Da sinn et nach d‘Dueller Dortmund géint Lille, Brügge géint Aston Villa, Feyernood Rotterdam géint Inter Mailand an de PSV Eindhoven muss géint Arsenal untrieden.

D'Matcher vum 5. Mäerz am Iwwerbléck:

Club Brügge - Aston Villa
Borussia Dortmund - OSC Lille
Real Madrid - Atletico Madrid
Bayern München - Bayer Leverkusen
PSV Eindhoven- FC Arsenal
Feyernoord Rotterdam - Inter Mailand
Paris St. Germain - FC Liverpool
Benfica Lissabon - FC Barcelona

D'Retourmatcher sinn den 12. Mäerz.

An der Véierelsfinall kritt Bayern München oder Leverkusen et mat Feyenoord oder Inter Mailand ze dinn. Am Fall vun enger Qualifikatioun vu Benfica géint Barça géif dann an der Ronn vun deene leschten 8 Dortmund oder Lille waarden. D‘Allersmatcher vun de Véierelsfinalle sinn den 8. an 9. Abrëll.

Reng theoretesch kann et an der Halleffinall och en däitschen Duell (FC Bayern/Leverkusen géint de BVB) ginn.

Wéi et weidergeet an der Champions League

Aachtelsfinallen: 4./5. an 11./12. Mäerz 2025
Véierelsfinallen: 8./9. a 15./16. Abrëll 2025
Halleffinallen: 29./30. a 6./7. Mee 2025
Finall: 31. Mee 2025 zu München

De komplette Spillverlaf bis d'Finall

RTL

© Screenshot