251 Kontrolle goufen d'lescht Joer am Kader vun der Lutte géint Dopping gemaach, dat huet d'Lëtzebuerger Anti-Dopping-Agence (ALAD) matgedeelt.

119 vun de Kontrolle goufe wärend Kompetitioune gemaach, 132 baussent dovunner. All d'Analysen, déi gemaach goufen, wieren negativ ausgefall.

An zwee Fäll allerdéngs gouf sech net u verschidden Obligatioune vun der Agence gehalen. D'Sprangreiderin Charlotte Bettendorf gouf fir 12 Méint gespaart, well se zweemol wärend dem Joer Feeler gemaach huet beim Ausfëlle vum System a well se bei enger Kontroll net present war.