Zu Nyon an der Schwäiz war e Freideg d'Auslousung vun den Aachtelsfinallen an der Europa League.

Eintracht Frankfurt mam Trainer Dino Toppmöller kritt et mat Ajax Amsterdam ze dinn. Donieft trëfft ënnert anerem AS Roum op Athletic Bilbao a Victoria Pilsen op Lazio Roum.

Et ass kee Lëtzebuerger Futtballspiller méi mat dobäi. Den Anthony Moris ass en Donneschdeg den Owend mat Union Saint-Gilloise eliminéiert ginn.

D'Matcher ginn de 6. an den 13. Mäerz gespillt.

De komplette Spillverlaf bis d'Finall

RTL

© Screenshot