Köln mam Mathias Olesen verspillt Derby-Victoire an Tabelleféierung

© CHRISTOPH REICHWEIN DPAdpa Picture-Alliance via AFP (Archiv)
De Weekend waren nees eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Am Derby huet den 1. FC Köln eng Victoire an d'Tabelleféierung duerch e spéiden Eelefmeter verspillt a mat Fortuna Düsseldorf een 1:1-Remis gedeelt. De Lëtzebuerger Mathias Olesen stoung bei de Kölner an der Startopstellung. Hie gouf an der Paus ausgewiesselt.
An engem zéie Match waren déi Kölner an der 67. Minutt verdéngt duerch e Gol vum Kainz a Féierung gaangen. An der 87. Minutt huet dunn awer de Schmied no enger Düsseldorfer Flank de Ball mam Aarm gestoppt an esou huet den Arbitter verdéngt op de Punkt gewisen. De Johannesson huet dës Chance genotzt an op 1:1 gesat.
Duerch de Remis steet Köln elo net méi un der Spëtzt vun der 2. Bundesliga. Neie Leader ass Hamburg mat 42 Punkten, Köln kënnt op 41 Punkten, Kaiserslautern op 39 Punkten a Magdeburg, Düsseldorf a Paderborn hu jeeweils 38 Punkten um Konto.
An der Belsch ass Royale Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris 2:0 op Anderlecht wanne gaangen. De Lëtzebuerger huet sech mat senger Ekipp fir den Championship Group qualifizéiert. Do wäert een ëm den Titel kämpfen.
Am portugisesche Championnat huet AVS mam Gerson Rodrigues 2:2 géint Sporting gläich gespillt. De Lëtzebuerger gouf an der Paus ausgewiesselt, deen Ament louch een nach mat 0:2 hannen. Sekonne viru Schluss hat de Mendonca AVS nach ee Punkt geséchert.
Samschdeg
An der éischter serbescher Liga huet FK Vojvodina mam Lëtzebuerger Seid Korac 0:1 géint Beograd verluer. De Lëtzebuerger huet de ganze Match duerchgespillt.
Um 22. Spilldag a Bulgarien huet ZSKA Sofia mam Mica Pinto eng kloer 3:0-Victoire auswäerts géint Botev Plovdiv gefeiert. De Mica Pinto stoung 90 Minutte laang um Terrain.
An der Bundesliga huet St. Pauli mat 0:2 zu Mainz verluer. Den Danel Sinani war an der 83. Minutt agewiesselt ginn.
An der zweeter belsche Liga huet Beveren sech mat 2:1 géint Lommel duerchgesat. De Laurent Jans huet de ganze Match gespillt.
A Bosnien-Herzegowina huet FK Sarajewo 0:0 géint de Stadrival Željezničar Sarajewo gespillt. De Mirza Mustafic gouf an der 81. Minutt agewiesselt.