E Samschdeg den Nomëtteg war den Optakt vum 18. Spilldag an der BGL Ligue mat der Partie Racing géint Stroossen.

Et war eng animéiert éischt Hallschent tëscht deenen zwee Veräiner. Obwuel béid Formatiounen engagéiert opgetruede sinn an et op béide Säiten déi eng oder aner gutt Golchance gouf, sinn d'Säiten ouni Goler gewiesselt ginn.

An der zweeter Hallschent war et weiderhin eng ausgeglache Partie, ma déi zweet 45 Minutte gouf et net méi grad esou vill Golchancen. An der 75. Minutt huet de Myre dunn awer no Virlag vum Hadji d'Gäscht vu Stroossen mat 1:0 a Féierung bruecht.

Duerch dës Victoire iwwerhëlt Stroossen de Stater Racing an der Tabell a steet elo provisoresch op der drëtter Tabelleplaz.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell