De Weekend stoung an der Enovos League vun den Dammen de véierte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun um Programm.

Um Sonndeg huet sech de Leader Gréngewald Hueschtert mat 96:60 zu Esch behaapt a bleift domat ongeschloen. Schonn nom éischte Véierel louchen d'Gäscht 27:14 a Féierung an et koum zu kengem Moment Spannung op. D'Alexus Johnson konnt 28 Punkte markéiere fir de Champion.

D'Sparta Bartreng verdeedegt mat enger 89:71-Auswäerts-Victoire géint d'Musel Pikes Plaz zwee an der Tabell. No engem ausgeglachenen éischte Véierel (19:19) hunn d'Gäscht sech ofgesat a wannen um Enn däitlech. D'Regan Schenck an d'Nicole Torresani koumen allebéid op 20 Punkten, fënnef Spillerinne vun de Gäscht hu méi wei 10 Punkte geworf.

Diddeleng baut Virsprong op Steesel aus

Um Samschdeg hat sech den AB Conter däitlech mat 86:46 géint d'Amicale Steesel duerchgesat a sech domat fir d'Halleffinall vum Championnat qualifizéiert. D'Lokalekipp huet de Match staark ugefaangen a louch no knapp dräi Minutte scho 15:2 a Féierung. D'Gäscht vu Steesel haten net déi néideg Reussite an hunn nëmme 29 Prozent vun de Wërf an dësem Match getraff. Spéitstens wéi Conter véier Dräier noenee am drëtte Véierel getraff huet, war dës Partie entscheet. D'Beyonce Bea konnt mat 24 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegen, d'Esmerlda Skrijelj an d'Lou Mathieu hu jeeweils 11 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

D'Néierlag vu Steesel huet Diddeleng an d'Kaarten gespillt. Den T71 setzt sech doheem mat 72:65 géint Wolz duerch a läit domat an der Tabell zwee Punkte viru Steesel, béid Ekippe kämpfen em déi véiert Plaz an domat enger Qualifikatioun fir d'Halleffinall. Diddeleng louch géint Wolz an der Paus däitlech a Féierung (46:29), d'Gäscht hu sech allerdéngs eng Minutt viru Schluss bis op véier Punkten erugekämpft. 4 Spillerinne vum T71 hunn zweestelleg gescored, d'Shalonda Winton hat um Enn 14 Punkten um Kont.

Resultater Dammen am Iwwerbléck