Wichteg Victoire fir Bartreng géint Walfer, Ettelbréck iwwerrennt d'Pikes

© Shari Schenten
Dëse Weekend steet an der Enovos League vun den Hären den 21. Spilldag um Programm.
D'Sparta Bartreng an d'Résidence Walfer si punktgläich an de Match um Freideg gestart. Well de Coach Karl Abou krank war, stounge bei der Lokalekipp vu Bartreng den Assistenz-Coach Pitt Koster an den Dammentrainer Mike Feyder als Trainer an der Verantwortung. Donieft hat Bartreng mam Jaylen Sebree nëmmen ee Profispiller am Kader. Bei de Gäscht vu Walfer huet de Brandon Averette säin Debut gefeiert. Béid Ekippe louchen dräi Véierel relativ gläich op, am véierte Véierel huet d'Lokalekipp sech ofgesat an um Enn mat 96:72 gewonnen. Duerch des däitlech Victoire wënnt Bartreng och den direkte Vergläich. De Jaylen Sebree konnt 25 Punkte markéieren, weider jonk Spiller wéi de Colin Braun hunn iwwerzeegt an d'Sparta konnt als Ekipp 17 Dräier geheien.
Etzella mat 43 Punkten am zweete Véierel
D'Etzella Ettelbréck louch doheem géint d'Musel Pikes no sechs Minutten iwwerraschend mat 5:17 am Réckstand. Duerno koum allerdéngs eng Reaktioun am Stil vun enger Spëtzenekipp. Bis zur Paus huet d'Ekipp aus dem Norden de Match entscheet. Am zweete Véierel huet Ettelbréck 43 Punkte markéiert a just 9 kasséiert, an der Paus stoung et 61:30 an um Enn deklasséiert de Leader de Géigner mat 118:72. Jeeweils 25 Punkte goungen op de Kont vum Thomas Henkel an dem Quatarrius Wilson.