Déifferdeng gewënnt den Derby zu Nidderkuer mat 2:0
Zum Optakt vum 19. Spilldag waren e Samschdeg den Owend 1287 Spectateuren den Derby tëscht Nidderkuer an Déifferdeng an de Stade Jos Haupert kucken.
No enger roueger Ufanksphas war et an der 17 Minutt den Déifferdenger Trani, dee mat enger schéiner Eenzelaktioun fir den éischte Gol vum Owend suerge konnt. An der Suite war et zwar eng lieweg Partie, d'Ënnerbriechungen hunn awer zougeholl a Golchancë gouf et op béide Säiten awer éischter wéineg. Just den Natami hat zwou Geleeënheeten op den 1:1, deen awer net fale sollt.
Och am zweeten Duerchgang ass weiderhi wéineg Spillfloss opkomm. No enger knapper Stonn war et dunn de Mendy, deen de Ball no Viraarbecht vum Trani just nach huet missen zum 2:0 iwwer d'Linn drécken. Nëmmen e puer Minutten drop ass Nidderkuer no der zweeter gieler Kaart fir den Natami an Ënnerzuel geroden.
Domadder war den Derby decidéiert, soudass de Leader Déifferdeng elo eng Avance vun 13 Punkten op den F91 huet. Dee kann awer e Sonndeg géint Wolz nees verkierzen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Nidderkuer - Déifferdeng 0:2
0:1 Trani (17'), 0:2 Mendy (57')