Donieft huet Gladbach beim Debut vum Tiago Pereira géint Heidenheim gewonnen a Mainz huet RB Leipzig geklappt.

Beim éischte Bundesliga-Match vum Tiago Pereira huet Borussia Mönchengladbach sech auswäerts géint Heidenheim mat 3:0 behaapt. D'Gladbacher louchen no Goler vun Hack an N'Goumou schonn no knapp 20 Minutten mat 2:0 a Féierung. No enger Stonn huet den Hack mat sengem zweete Gol vum Dag fir d'Entscheedung gesuergt. Heidenheim hat am zweeten Duerchgang e puer gutt Chancen, ma ënnert anerem de Pereira huet mat 4 Paraden dofir gesuergt, dass d'Lokalekipp ouni Gol bleiwe sollt.

No enger éischter Hallschent ouni vill Occasiounen op béide Säiten huet de BVB d'Partie géint St. Pauli nom Säitewiessel mat den zwou beschte Chancë vum Match entscheet. De Guirassy huet den 1:0 fir Schwaarzgiel geschoss, e puer Minutten drop huet den Adeyemi per Konter den 2:0 geschoss. Dortmund gewënnt domat zu Hamburg a sammelt wichteg Punkten am Kampf ëm déi international Plazen.

RB Leipzig huet doheem mat 1:2 géint Mainz verluer a fält an der Tabell domat op Plaz 6. No enger dominanter Ufanksphas an dem fréie Gol duerch de Xavi huet et no enger klorer Affär ausgesinn, ma d'Mainzer hu sech an den zweete 45 Minutte verbessert gewisen an hunn de Match duerch den Amiri an de Burkardt gedréint. Mainz spréngt domat op déi 4. Plaz an distanzéiert RB op 3 Punkten.

Donieft huet Bochum sech misse mat 0:1 géint Hoffenheim geschloe ginn a Bremen huet 1:2 géint Wolfsburg verluer.

Am Topmatch tëscht Plaz 2 an 3 huet Leverkusen sech däitlech mat 4:1 zu Frankfurt behaapt. Leverkusen ass besser an de Match komm an huet der Lokalekipp no an no manner Chance zum Ootme gelooss. Esou waren et dunn no enger hallwer Stonn Tella, Mukiele a Schick, déi bannent 7 Minutten 3 Goler markéiert hunn. Kuerz duerno huet den Ekitike vun engem Feeler vum Mukiele profitéiert an nach virum Säitewiessel op 1:3 verkierzt.

Frankfurt ass och gutt aus de Kabinne komm, ma no enger Stonn huet de Garcia d'Partie per Dropkick decidéiert, och wann d'Haushäre sech net opginn hunn. D'Werkself bleift domadder Zweete mat 8 Punkte Réckstand op d'Bayern an 11 Punkten Avance op Frankfurt, déi just nach 1 Punkt méi wéi Mainz hunn.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell