Um Méindeg den Owend waren zu Nidderkuer zwou Pressekonferenzen noeneen organiséiert vun der Handballfederatioun.

Dammennationalekipp:

D’Damme vum Nationaltrainer Michel Scheuren spillen de Weekend am Kader vun der 1. Phas vun der Qualifikatioun fir den EURO 2026. Gespillt gëtt e Samschdeg an e Sonndeg op Zypern an dat 2 Mol vun 18 Auer un. An der éischter Partie geet et géint de Favorit Belsch. Den Dag drop ass d’Lokalekipp Zypern de Géigner. Dir kënnt d’Partien op RTL.lu live suivéieren.

De Michel Scheuren huet säi Kader presentéiert, wou d’Kim Wirtz net selektionéiert gouf. Seng Schwëster Joy, och vun Diddeleng, kann aus professionellen Grënn net matmaache wéi och d’Jenny Zuk vu Käerjeng. D’Sophie Elcheroth vum CHEV Dikrech ka wéinst de Studien net mat op Zypern. D’Jil Reiter vu Käerjeng ass blesséiert. D’Diddelenger Kreesleeferin Laura Willems ass de Moment physesch net a beschter Verfassung an d’Lily Melchior mécht eng international Paus. Ganz kuerzfristeg ass d’Fabienne Thiry vum Handball Esch nonominéiert gi fir d’Jil Reiter, wat sech ganz rezent wéi gedoen huet.

Den Nationaltrainer huet deemno e ganz jonke Kader presentéiert mat awer Ambitioune fir esouguer d’Belsch a Schwieregkeeten ze bréngen. Nëmmen den éischten aus dem Grupp kënnt en Tour weider. Déi éischt Plaz wier de Weekend eng ganz positiv Nouvelle, d’Plaz 2 ass realistesch, eng 3. a lescht Plaz wier eng Enttäuschung. Wann den Nationaltrainer Scheuren d’Belsch gutt kennt, ass Zypern eng grouss Inconnu. Viru 4 Joer gouf et allerdéngs eng knapp Defaite géint dëse Géigner. Géint eisen Noper Belsch goufen et a Frëndschaftsmatcher virun 2 Joer zwou Defaitë mat 5 respektiv 16 Goler Differenz.

Härennationalekipp:

De Maik Handschke huet fir d‘Suite vun der 2. Qualifikatiounsphas fir den EURO 2026 e ganz komplette Kader presentéiert, wou awer de Bierchemer Yann Hoffmann blesséiert muss passen. Den 12. Mäerz gëtt um 18.45 Auer am Gymnase vun der Coque géint d’Belsch gespillt. Dës Partie kënnt Dir bei eis live um RTL Zwee an op RTL.lu suivéieren. De Retourmatch gëtt de 16. Mäerz zu Hasselt gespillt.

RTL

© Serge Olmo

D’Ambitioun vun dëser Qualifikatioun wier et, op d'mannst eng Victoire géint d’Belsch fäerdeg ze bréngen, well déi aner Géigner, an zwar de Vizeweltmeeschter Kroatien, an och Tschechien ze staark sinn. Nei am Kader bei der FLH-Selektioun ass de Vincent Kreiselmaier, deen zu Gummersbach spillt. De Joe Schuster an den Adel Rastoder sinn no hirer Verletzung nees zréck.

Virun 3 Joer haten d’Rout Léiwen an der EM-Qualifikatioun doheem mat 26:32 géint d'Belsch verluer. Auswäerts gouf et allerdéngs e 27:27 Remis. Virun dëser Qualifikatiounsphas war de Match vum 12. Mäerz ugekräizt ginn an zwar den Duell doheem géint d’Belsch an dëse Match steet elo virun der Dier. De Kader ass breet a qualitativ gutt besat. 9 Spiller sinn am Ausland aktiv.