Schonn d'lescht Joer hu béid Ekippen den Titel ënnert sech ausgemaach.

En Donneschdeg den Owend sinn am nationale Volleyball d'Halleffinalle vun der Coupe bei den Damme gespillt ginn.

Am éischte Match vum Owend huet sech de Favorit Mamer mat 3:1 (25:15, 25:22, 28:30, 25:16) géint d'Gym behaapt. Domadder steet den Titelverdeedeger op en Neits an der Finall vun der Coupe.

Géigner ass hei genee wéi d'lescht Joer Walfer. D'Nathalie Braas a Co sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn an hu sech kloer mat 3:1 (25:18, 25:17, 22:25, 25:13) géint Bartreng duerchgesat.

D'Finall vun den Dammen tëscht Mamer a Walfer gëtt e Samschdeg den Owend um 18.30 Auer gespillt.

E Freideg den Owend sinn d'Halleffinalle vun den Hären. Hei kritt um 18.30 Auer Fenteng et mat Esch ze dinn an um 20.30 Auer kënnt et zur virgezunner Finall tëscht dem Titelverdeedeger Stroossen a Luerenzweiler. Och déi Matcher kënnt Dir an der RTL Live Arena kucken.

E Samschdeg ginn d'Finallen am kommentéierte Livestream op RTL.lu gewisen.