Déifferdeng klappt Péiteng, Nidderkuer léisst Punkten zu Rodange leien

© Steven Milbert
Hueschtert gewënnt kloer géint d'Jeunesse, wärend de Racing an Diddeleng d'Punkten deelen. Rouspert knäppt Hesper ee Punkt of.
Den Tabelleleader Déifferdeng gewënnt och den zweeten Derby hannerteneen. Géint Péiteng huet sech d'Ekipp vum Trainer Pedro Resende 2:0 behaapt. Nodeems et an der Paus nach 0:0 stoung, well vu béiden Ekippen net vill koum, huet et nach eng Kéier 20 Minutte gedauert, bis déi knapp 500 Spectateuren - wéinst dem Weltfraendag koumen d'Damme gratis eran - zu Uewerkuer den éischte Gol ze gesi kruten. De Buch konnt Déifferdeng a Féierung bréngen. Kuerz drop krut d'Lokalekipp en Eelefmeter zougesprach, deen den Trani verwandelt huet.
Och d'Trennung vum Trainer Jeff Strasser huet beim Progrès Nidderkuer keng Wierkung gewisen. Beim Tabellen-13. Rodange gouf et just en 1:1. Rodange huet déi éischt Hallschent méi an de Match investéiert a konnt dorauser Profit schloen. An der 31. Minutt huet den Atieda de Ball am Filet ënnerbruecht. Nidderkuer hat wuel och Chancen, ass awer ëmmer um Rodanger Golkipp hänke bliwwen. Nom Säitewiessel huet Nidderkuer versicht, op den Ausgläich ze drécken. Et huet awer bis zur 87. Minutt gedauert, bis de Lybohy e bëssen aus dem Näischt de Gol markéiere konnt. Well och Rodange hat seng Chancen op den zweete Gol. Um Enn ass d'Gläichspill gerecht.
De Racing an den F91 Diddeleng trenne sech och 1:1. No der Diddelenger Féierung duerch de Rotundo an der 27. Minutt konnt de Pina Gomes an der zweeter Hallschent ausgläichen. An der 81. Minutt hat de Mabella d'Méiglechkeeet, vun engem Feeler vum Diddelenger Golkipp ze profitéieren, huet de Ball awer net am Filet ënnerbruecht. D'Resultat geet an d'Rei, mee de Match war net vun der héchster Qualitéit.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Déifferdeng - Péiteng 2:0
1:0 Buch (68'), 2:0 Trani (73', Eelefmeter)
Racing - Diddeleng 1:1
0:1 Rotundo (27'), 1:1 Pina Gomes (52')
Rodange - Nidderkuer 1:1
1:0 Atieda (31'), 1:1 Lybohy (87')
Stroossen - Fola Esch 3:0
1:0 Hadji (3', Eelefmeter), 2:0 Goncalves (68'), 3:0 Nogueira Albuquerque De Souza (82')
Jeunesse Esch - Hueschtert 0:3
0:1 Fernandes (43'), 0:2 Leroux (65'), 0:3 Quinol (76')
Rouspert - Hesper 1:1
0:1 Stolz (30'), 1:1 Steinbach (56', Eelefmeter)