Bilbao eliminéiert AS Roum, Frankfurt ouni Problemer géint Ajax weider

En Donneschdeg waren d'Retourmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Europa League.
An der Partie Bilbao géint AS Roum war u sech nach alles dran. D'Réimer hate sech doheem 2:1 duerchgesat an haten u sech domadder e liichten Avantage. Ma d'Missioun Véierelsfinall gouf no 15 Minutte méi schwéier, well den Hummels gouf vum Terrain gesat an d'Gäscht haten domadder ee Spiller manner. Bilbao konnt dunn an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent deen ee Mann méi ausnotzen an duerch de Wiliams a Féierung goen.
Wat de Match méi laang ginn ass, wat de Mann méi sech och méi däitlech fir d'Spuenier gewisen huet. No 68 Minutten huet de Berchiche op 2:0 erhéicht an an der 82. Minutt huet de Williams den 3:0 geschoss. De Gol vir Roum vum Parades vum Punkt an der 92. Minutt koum ze spéit, fir nach eppes an dëser Partie an och am Duell vun den zwou Ekippen ze retten. Bilbao dréint d'Néierlag aus dem Allersmatch an ass no engem 3:1 an den Aachtelsfinallen.
2:1 hat sech Frankfurt zu Amsterdam duerchgesat an an der Heempartie konnte se deen Ecart schonn no 7 Minutten duerch de Bahoya erhéijen. No 25 Minutten huet de Götze déi Däitsch dunn esouguer mat 2:0 an den Avantage bruecht. Frankfurt war an dëser Partie déi besser Ekipp an ass dunn duerch den Ekitiké no 67. Minutten 3:0 a Féierung gaangen. Den Éieregol fir Amsterdam huet de Taylor no 78 Minutte geschoss, just fir datt de Götze véier Minutte méi spéit eng zweete Kéier getraff huet an op 4:1 konnt setzen. Dëst sollt dann och d'Schlussresultat bleiwen.
Nom 1:1 am Allersmatch konnt sech Manchester United zum Schluss kloer géint Real Sociedad duerchsetzen. Dat an engem e bësse kuriéise Match, wat d'Goler ugeet. D'Gäscht waren nämlech schonn no 10 Minutten duerch en Eelefmeter e Féierung gaangen. Den Ausgläich an der 16. an d'Féierung fir Manchester an der 50. Minutt sinn du béid vum Fernandes geschoss ginn an och nees vum Punkt. De Fernandes huet säin Hattrick dunn an der 87. Minutt perfekt gemaach, den éischte Gol aus dem Spill eraus, éier den Dalot an der Nospillzäit fir de Schlussscore vu 4:1 gesuergt huet.