Dräi Punkte fir de Leandro Barreiro a Benfica

© JOSE MANUEL ALVAREZ REY / NurPhoto / NurPhoto via AFP
D'Ekipp aus Lissabon hat sech tëschenzäitlech eng 2:0-Féierung verspillt, kann duerch e spéide Gol awer nach feieren.
Sonndeg
A Rumänien lafen aktuell schonn d'Play-Offen ëm de Championstitel an donieft awer och d'Play-Offe géint den Ofstig. Hei huet den FC Hermanstadt e Sonndeg 1:1 gläich gespillt an ass domadder aktuell fënnef Punkte vun enger Ofstigsplaz fort. Beim Remis géint Unirea Slobozia stoung de Vahid Selimovic bis an déi 69. Minutt um Terrain.
Fir den LNZ Cherkasy gouf et an der Ukrain dann eng 2:0-Victoire géint Kolos Kovalivka, bei där den Olivier Thill de ganze Match iwwer um Terrain stoung.
An der drëtter däitscher Liga huet den Tim Kips vun der Bänk aus eng Defaite vu senger Ekipp Erzgebirge Aue gesinn. Ee Gol an der 38. Minutt ass Waldhof Mannheim duergaangen, fir déi dräi Punkten um Enn mat Heem ze huelen.
A Serbien huet de Seid Korac kee gudden Dag erwëscht. Fir de Lëtzebuerger Defenseur, deen an der Starteelef stoung, gouf et beim OFK Beograd mam FK Vojvodina eng 1:3-Néierlag.
Fir Benfica gouf et dann auswäerts nach eng knapp 3:2-Victoire géint Rio Ave. Nodeems een an der 51. Minutt de Gol zur 2:0-Féierung schéisse konnt, huet alles no dräi Punkten ausgesinn. Ma d'Lokalekipp vu Rio Ave konnt sech nach eemol zréckkämpfen an ausgläichen. Um Enn mécht ee Gol vum Aktürkoglu an der 81. Minutt den decisiven Ënnerscheed. De Leandro Barreiro gouf an der Paus agewiesselt.
Samschdeg
An der 1. Bundesliga huet sech Borussia Mönchengladbach mat 4:2 zu Bremen duerchgesat. Den Tiago Pereira Cardoso ass dobäi an der 71. Minutt op den Terrain komm, dat well et fir de Jonas Omlin am Gol verletzungsbedéngt net méi weidergaangen ass.
Fir Francs Borains gouf et an der zweeter belscher Liga e Samschdeg näischt ze huelen. Bei der 1:3-Defaite géint den SV Zulte Waregem war den Alessio Curci de ganze Match am Asaz.
A Bosnien huet sech den FK Sarajevo dräi Punkte geséchert. Bei der 2:1-Victoire géint Igman Konjic ass de Mirza Mustafic an der 65. Minutt agewiesselt ginn. An der Tabell bleift een domadder op der 3. Plaz, dat mat aacht Punkte Réckstand op de Leader Zrinjski Mostar.
De Vincent Thill ass e Samschdeg am Aserbaidschan net an den Asaz komm. Den 1:1-Remis vu Sabah FK géint Zira FK huet hie vun der Bänk aus gesinn.
En 1:1 gouf et dann och a Bulgarien fir den ZSKA Sofia am Match géint Cherno More Varna. De Mica Pinto stoung dobäi an der Starteelef a gouf no senger Gieler Kaart an der Nospillzäit ausgewiesselt.
Zwee Lëtzebuerger waren dann an der éischter portugisescher Liga am Asaz. Bei der 0:2-Defaite vum AVS beim FC Porto stoung den Eric Veiga bis an déi 62. Minutt um Terrain an den Gerson Rodrigues war fir déi lescht 28 Minutten agewiesselt ginn.
Eng batter Defaite gouf et an der franséischer Ligue 2 fir den SC Bastia, dee sech beim FC Lorient misst mat 0:4 geschloe ginn. De Florian Bohnert war hei an der 84. Minutt op den Terrain komm.
Köln bleift mat enger 2:1-Victoire géint Darmstadt weider ee Punkt hannert dem Tabelleleader Hamburg. Beim Succès virun den eegene Spectateure stoung de Mathias Olesen an der Starteelef a gouf an der Paus ausgewiesselt.
Am Spëtzematch an der Belsch gouf et dann eng 1:2-Defaite fir den Anthony Moris an d'Union Saint-Gilloise géint den Tabelleleader KRC Genk. An der 89. Minutt konnt d'Ekipp vu Bréissel op 1:2 verkierzen, wat awer ze spéit war fir nach ee Punkt mat Heem ze huelen. Am Klassement huet Genk elo ee Virsprong vun 12 Punkten op den Zweeten FC Bruges.
Fir den Ofschloss vum Samschdeg huet sech den FC Los Angeles an den USA dann nach misse knapp mat 0:1 géint den FC Austin geschloe ginn. De Maxime Chanot war déi ganz Partie op der Bänk.
Freideg
Fir de Maurice Deville gouf et e Freideg mat Schalke II eng däitlech 0:4-Néierlag. Beim Tabelleleader MSV Duisburg gouf de Stiermer an der Paus ausgewiesselt.
Net vill besser ass et an der zweeter belscher Liga fir de Laurent Jans gelaf. An der Partie géint den RWD Molenbeek huet sech Beveren misse mat 0:2 geschloe ginn. Déi ganz zweet Hallschent war Beveren an Ënnerzuel. De Laurent Jans war bis an déi 74. Minutt am Asaz.
An der hollännescher Eredivisie huet de Marvin Martins e Freideg den Owend net gespillt. Vun der Bänk aus huet hien en 1:1-Remis vu senger Ekipp Almere City géint den NAC Breda gesinn.
E wichtege Succès gouf et da fir den Danel Sinani mat enger 1:0-Victoire géint TSG Hoffenheim. Duerch déi dräi Punkte konnt sech St. Pauli provisoresch op fënnef Punkte vun der Relegatioun distanzéieren a gläichzäiteg de Géigner aus Sinsheim am Tabellekeller halen. Den Danel Sinani war am offensive Spill vu senger Ekipp zu engem groussen Deel bedeelegt a war vun Ufank u bis an déi 86. Minutt am Asaz.
An der zweeter éisträichescher Liga gouf et dann nach een 3:3-Remis tëscht SKN St. Pölten an dem First Vienna FC. Den Dirk Carlson huet hei de ganze Match iwwer gespillt.