Et ass dat gréissten Evenement vum Joer fir d‘Basketballfederatioun, an deementspriechend wëll een op alles preparéiert sinn an de Spectateuren eng richteg Show nieft de Matcher bidden.
D‘Rechnung schéngt opzegoen, well den Undrang war grouss. Mir hunn d‘Ekipp ronderëm den Eventmanager een Dag virdrun an den Dag selwer begleet an waren hannert de Kulissen mat dobäi.