Patrizia van der Weken a Charel Grethen prett fir Nanjing
An der Liichtathletik steet dëse Weekend d'Indoor Weltmeeschterschaft zu Nanjing a China um Programm.
No der historescher EM zu Apeldoorn an Holland wëll d'Sportlerin vum Joer och a China un hir Prestatioune vu viru ronn zwou Wochen uknäppen. Mat der Bronzmedail op de 60 Meter zu Apeldoorn huet sech d'Patrizia Van der Weken an der Lëtzebuerger Sportgeschicht veréiwegt.
Patrizia van der Weken: Ech wëll hei eng anstänneg Performance ofliwweren
Nodeems d'Patrizia van der Weken virun 2 Wochen op der EM d'Bronzemedail gewonnen hat, ass de Fokus elo op d'WM geriicht. Zäit fir vill ze feiere gouf et no der EM net, et war wichteg de ganzen Trubbel ronderëm auszeblenden a sech nees op den Training ze konzentréieren. D'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer huet gutt Erfarunge mat China. 2023 hat si den Titel iwwer 100 Meter op der Universiade zu Chengdu gewonnen. Deemno gouf et fir si och kee Schock, si kennt déi chineesesch Kultur. Och op der WM ass en europäesche Podium méiglech. Déi dräi Athletinnen, déi zu Apeldoorn um Podium stoungen, si weltwäit déi bis elo séiersten Zäiten am Joer 2025 gelaf. Am Géigesaz zu der EM an Holland, sinn déi dräi Courssen, déi am Idealfall musse gelaf sinn, besser geplangt. Tëscht dem Virlaf an der Halleffinall ass vill Zäit, dono sinn d'Finallen no openeen.
Arnaud Starck: Zwee Deeg no der EM nees seriö mam Training ugefaangen
No der EM huet den Arnaud Starck senger Athletin e bësse Rou gegënnt, zwee Deeg drop ass et awer nees konzentréiert an den Training gaangen. Och hie gesäit Chancen op den europäesche Podium op der WM. D'Preparatioun war dem Trainer no net optimal, duerch d'Preparative fir d'Coupe-Finallen am Basket an der Coque konnt een Enn leschter Woch net wéi gewinnt trainéieren.
Charel Grethen: Eng liicht taktesch Course géif mir entgéintkommen
Nodeems sech de Charel Grethen net fit d'EM zu Apeldoorn an Holland konnt qualifizéieren, huet et awer mat enger Startplaz fir Nanjing iwwer de Ranking geklappt. Déi aner Zäitzon a China ass fir hie wéi och fir déi meescht aner Athleten eng Erausfuerderung. De Mëttelstreckler ass awer gudder Déng, datt hien op engem gudden Dag de Sprong an d'Finall packe kann. Weider Ziler an dëser Saison sinn ënner anerem d'Outdoor-WM zu Tokyo am September.
Lass geet et fir de Charel Grethen e Freideg ëm 12.20 Auer mam Virlaf. D'Patrizia van der Weken ass e Samschdeg de Moien ëm 4.15 Auer op de 60 Meter am Asaz.
Déi méiglech Halleffinall a Finall vum Patrizia van der Weken kënnt dir e Samschdeg bei eis um RTL Zwee an op RTL.lu am Stream live suivéieren.
D'Top-Athleeten iwwer 60m
1 Zaynab Dosso (Italien) Saisonbestzeit: 7‘‘01
2 Mujinga Kambundji (Schwäiz) 7‘‘02
3 Patrizia van der Weken (Lëtzebuerg) 7‘‘06
4 Jodean Williams (Jamaika) 7‘‘07
5 Ewa Swoboda (Polen) 7‘‘07
6 Rani Rosius (Belsch) 7‘‘08
7 Amy Hunt (Groussbritannien) 7‘‘09
8 Boglarka Takacs (Ungarn) 7‘‘09
9 Natasha Morrison (Jamaika) 7‘‘09
10 Celera Barnes (USA) 7‘‘11
11 Kishawna Niles (Barbados) 7‘‘12