Lëntgen aus der 2. Divisioun kritt et mam Racing ze dinn

© Val Wagner (Archiv)
E Freideg huet d'FLF an der Coupe d'Véierelsfinalle bei den Hären an d'Halleffinalle bei den Dammen ausgeloust.
Den 23. Abrëll ginn am nationale Futtball d'Véierelsfinalle vun der Coupe gespillt. Péiteng kritt et mat Déifferdeng ze dinn. Lëntgen aus der 2. Divisioun muss géint de Racing untrieden. Diddeleng kritt Besuch vu Stroossen a Wolz muss géint den Titelverdeedeger Nidderkuer untrieden.
An den Halleffinalle spillt de Gewënner tëscht Péiteng-Déifferdeng géint de Gewënner tëscht Wolz-Nidderkuer. An de Gewënner tëscht Lëntgen-Racing muss géint de Gewënner tëscht Diddeleng a Stroossen untrieden. D'Halleffinalle sinn de 14. Mee.
D'Finall gëtt den 28. Mee gespillt. Dat hat d'FLF en Donneschdeg matgedeelt.
Bei den Damme kënnt et de 7. Mee zu folgenden Halleffinallen: Racing géint Ent. Wuermer/Mënsbech (CSG/Biwer an Mamer géint Déifferdeng.