"Ech sinn net rosen, datt de Gyökeres net dobäi ass", sou de Luc Holtz
E Samschdeg fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtball-Hären-Nationalekipp dat neit Futtballjoer 2025 un.
Fir den Optakt spillt d’FLF-Selektioun zwee Frëndschaftsmatcher géint Schweden an d’Schwäiz. Zwee staark Géigner am Ufank vum Joer. D’Zil ass et, en vue vun der WM-Quali am September Verschiddenes auszeprobéieren an esou munchem Spiller Spillzäit ze ginn.
Den Nationaltrainer Luc Holtz ass zefridde mat der Preparatioun op de Match géint Schweden. Et wier ee gudden an héije Rythmus um Training gewiescht, esou den FLF-Trainer weider. Doduerch datt d’FLF-Formatioun 4 Frëndschaftsmatcher virun der WM-Quali muss spillen, bitt et sech natierlech un, Verschiddenes auszeprobéieren.
"Wat de System ubelaangt an d'Leit ubelaangt, probéiere mer ganz sécher verschidde Saachen aus. Awer natierlech och a Funktioun vum Géigner. Wa mer verteidegen, dann denken ech, ass et schonn noutwendeg, ëmmer e bëssen och ze kucken, wou sinn d'Stäerkte vum Géigner, wou sinn hir Schwächten an a wéi enge Raim wëlle si eis wéi doen. Mir probéieren, dat esou gutt wéi méiglech ze verteidegen", sou de Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz.
Dat lescht Duell mat Schweden geet zeréck an d’Joer 2017. Deemools huet sech d’Ekipp vum Luc Holtz 0:8 zu Solna misse geschloen ginn. Fir de Rescht gesäit d’Bilanz géint d’Schweeden och net gutt aus. An deene 6 Dueller bis elo goufen et 5 Néierlagen an nëmmen ee Remis.
Déi schwedesch Nationalekipp ass no manner gudde Jore rëm um Kommen. Spiller, wéi den Alexander Isak vun Newcastle stiechen aus dem Grupp eraus. Allerdéngs muss den Nationaltrainer Jon Dahl Tomasson mat grousser Warscheinlechkeet op den Dejan Kulusevski an de Lucas Bergvall vun Tottenham, den Hugo Larsson vu Frankfurt an de Viktor Gyökeres vu Sporting Lissabon verzichten.
"Ech sinn net rosen, datt de Gyökeres net dobäi ass, well bei all Situatioun, wou et am Strofraum brennt, ass hie quasi mat am Coup gewiescht. Et ass awer net nëmmen de Gyökeres, den Isak oder de Kulusevski, déi Qualitéit hunn. Och alleguerten déi aner hunn eng enorm Qualitéit. Si si wierklech als Ekipp immens stabil, och wa se de Ball hunn. Si kënnen alleguerten d'Facetten, ob dat par attaque placée, ob dat iwwer d'Ëmschaltverhalen oder bei Standard-Situatiounen ass. Si si wierklech an alle Beräicher richteg gutt."
De Stade de Luxembourg ass fir e Samschdeg komplett ausverkaaft. Déi Lëtzebuerger Supporter ouni Ticket kënnen de Frëndschaftsmatch géint Schweden bei eis um RTL ZWEE, um Internet an um Radio live suivéieren.