D'De Nutte konnt sech och am Dubbel mat hirer Partnerin Annick Stammet den Titel sécheren. Bei den Häre war den Titel fir den Duo Mladenovic/Stephany.

E Sonndeg war d'Suite vun de Landesmeeschterschaften am Dëschtennis. Nodeems e Samschdeg d'Titelen am Dubbel Mixte verdeelt goufen, stoungen e Sonndeg d'Matcher souwuel am Dubbel wéi am Eenzel bei den Hären an Dammen um Programm.

D'Finall bei den Häre war immens spannend, mee um Enn setzt sech den Eric Glod 4:3 géint de Luka Mladenovic duerch. De Match huet also missen iwwer déi komplett Distanz goen. Fir de Glod ass et de fënneften Titel a senger Karriär.

Am Ufank hat et no enger klorer Victoire fir de Mladenovic ausgesinn, dee schonn 3:1 virlouch. De Glod konnt sech awer zeréckkämpfen an de Match nach zu senge Gonschten dréinen. Et war déi véiert Kéier, dass sech béid Spiller an der Finall géintiwwerstoungen. No dësem Match steet d'Bilanz bei 3 Victoirë fir de Glod a just enger fir de Mladenovic.

Dem Sarah De Nutte ass e Parcours sans faute gelongen. D’Nationalspillerin gewënnt hiren 11. Championstitel am Eenzel an dat, ouni een eenzege Saz ofzeginn. An der Finall huet si sech mat 4:0 géint d’Enisa Sadikovic behaapt. Donieft huet d’Sarah De Nutte domat och den Triplé realiséiert. Virdrun hat si jo och schonn d’Titelen am Dubbel Dammen an Dubbel Mixte gewonnen. Fir d'De Nutte ass et den éischte Championstitel am Eenzel zënter 2022 - si huet 2 Joer net un de Meeschterschafte participéiert.

Am Virfeld vun de Finallen am Eenzel goufe schonn d'Championstitelen am Dubbel verdeelt. Bei Dammen huet sech d’Koppel Sarah De Nutte/Annick Stammet mat 3:0 géint d’Sadikovic-Schwësteren duerchgesat. Bei den Häre war et eng e bësse méi enk Affär. Hei hu sech de Luka Mladenovic an de Loris Stephany vu Berbuerg mat 3:2 géint d’Käerjenger Irfan Cekic an Evgheni Dadechin duerchgesat.