Dammefuttball
D'Laura Miller gewënnt mam Standard d'Coupe

© Amy Thompson
D'Laura Miller huet fir déi zweete Kéier an hirer Karriär déi belsch Coupe am Futtball gewonnen.
Am Stadion vu Louvain gouf et de Remake vun der Finall 2022 géint Anderlecht. An de Lécker Dammen ass d'Revanche gelongen. Si konnte sech mat 1-0 duerchsetzen. D'Mariam Toloba huet no engem Corner den 1-0 fir d’Rouches geschoss. Bei dem Resultat ass et och bliwwen. D'Laura Miller huet d'Trophëe als Kapitänin entgéintgeholl. Et ass déi 10.Kéier, dass de Standard d'Coupe de Belgique fir sech entscheet huet.
D' Laura Miller gewënnt mam Standard d'Coupe
Biller: Amy Thompson
D’Nationalspillerinne Caroline Jorge an Joy Jung waren och am Kader.
Am meeschte gelies