Aktuell huet de Lëtzebuerger nach den Trikot vum Veräin Sarrebourg Moselle Sud Handball un.

Den Handball Esch huet op senge Sozialen Netzwierker annoncéiert, dass de Lëtzebuerger Nationalspiller Felix Werdel no 3 Joer bei Sarrebourg Moselle Sud Handball zeréck an d'Lëtzebuerger Minettmetropol wäert wiesselen. Hie wäert deemno vun der nächster Saison un nees den Trikot vu sengem Jugendveräin droen.
 
"I am back", gëtt de Werdel am Bäitrag zitéiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat a senger schwaarz-wäisser Zäit bis 2022 vill zu den Titelen, déi den HB Esch an där Zäit gewonnen huet (5x Champion, 3x Coupe), bäigedroen. Wéi den HB Esch an der Matdeelung schreift, géif de Werdel mat vill Experienz an Determinatioun méi staark aus Frankräich zeréckkommen. Sarrebourg huet déi dräi lescht Joer an der franséischer Proligue, der zweethéchster Handballliga, gespillt, steet am Moment awer just knapp virun den Ofstigsplazen.