De Käerjenger Kampf géint Diddeleng gouf net belount. Um Enn stoung et 29:36. Bierchem huet an engem eesäitege Match 25:34 géint Déifferdeng gewonnen.

Dës Woch steet de Final4 an der Coupe vum Lëtzebuerger Handball um Programm. An der éischter Halleffinall huet sech den HB Diddeleng 36:29 géint den HB Käerjeng duerchgesat. Am zweete Match war et um Enn eng méi wéi kloer 34:25-Victoire fir Bierchem géint Déifferdeng.

Resumé Handball / Reportage Gilles Tricca

Red Boys Déifferdeng - HC Bierchem 25:34

Pénktlech fir de Final4 ass d’Bierchemer Lazarett méi kleng ginn. De Golkipp Grzegorz Czapiewski stoung de Réiserbänner nees zur Verfügung an huet direkt duerchgespillt. Bei der Red Boys stoungen all d’Spiller zur Verfügung.

An den éischten 20 Minutte war et den erwaarte serréierte Match, wou sech keng Ekipp ofsetze konnt. Béid Formatiounen haten awer flott Uspiller opweises. Bierchem konnt sech an der 25. Minutt eng éischt Kéier mat 3 Goler ofsetzen. Der Déifferdenger Red Boys ass an de leschten 10 Minutte just ee Gol gelongen. Dorun hat de Czapiewski am Bierchemer Gol groussen Undeel, well hien ee Schoss nom anere paréiert huet.

RTL

© Gilles Tricca

Déifferdeng huet de Match virun der Paus ewechgeheit; d’Ongenauegkeete virum Gol a Feelschëss hunn dozou gefouert, dass Bierchem an der Paus eng Avance vu 6 Goler (17:11) hat. Dat war eng ze héich Hypothéik, fir de Match an der zweeter Hallschent nach ze dréinen. De Raphael Guden huet nees staark opgespillt an huet an der éischter Hallschent 8 Goler bäigesteiert. Um Enn koum den Nationalspiller op 12 Goler a gouf zum MVP gewielt.

D’Déifferdenger Ophueljuegd no der Paus ass ausbliwwen. D’Red Boys hunn zwar de Raphael Guden opgrond vu senger Leeschtung a Manndeckung geholl, wat Bierchem awer just kuerzzäiteg aus dem Konzept bruecht huet. Och d’Rout Kaart fir de Younes Ouzrour an der 38. Minutt war keng Hëllef fir Déifferdeng.

Bierchem konnt de Virsprong konstant halen a louch an der 43. Minutt eng éischt Kéier 9 Goler vir. An der 48. Minutt konnten d’Réiserbänner souguer op +10 stellen an domat war d’Bier geschielt. Bei den Déifferdenger Spiller war d’Kierpersprooch um Buedem a Bierchem huet net méi gemaach wéi néideg.

Fir Bierchem koum dës Victoire vläicht zur richteger Zäit, fir nach eng Kéier den Turnaround am Championnat ze packen. Den Déifferdenger Chris Auger huet nom Match vun "enger an d'Schnëss" vläicht zum richtege Moment geschwat. D‘Réiserbänner kënnen e Samschdeg déi éischt Coupe zënter 2021 gewannen.

HB Diddeleng - HB Käerjeng 36:29

Bei Diddeleng war den David Ojié Etute ausgefall a well net kloer war, ob de Fynn Köller spille kéint, gouf den Aleksiej Szyczkow reaktivéiert, deen no der Saison 2023 eigentlech Äddi gesot hat. Den Ukrainer krut och e puer Minutte Spillzäit. Käerjeng hat zënter Wochen de Fokus op dëse Match geluecht, well am Championnat näischt méi no vir an no hanne geet.

An den éischte 16 Minutte kruten d'Spectateuren am Gymnase vun der Coque e reegelrechte Golfestival ze gesinn, well béid Verdeedegunge keen Zougrëff kruten. Et stoung 11:10 fir Diddeleng. Well och d'Golkipper keng Hand un de Ball kruten, koum et op béide Säiten zu engem Wiessel. Mee och dee sollt net vill bréngen.

Tëscht der 17. an der 23. Minutt hat een den Androck, dass béid Defensen elo besser stoe géifen, mee den Ugrëff hat sech just kuerz erblosen. Bis an d'Paus goung et nees mat Honnert à l'heure weider an et goung mat 17:16 fir den HBD an d'Kabinnen. Virun allem den Tom Meis, deen no der Saison mat senger Handballkarriär ophale wëll, war den Undreiwer vu Käerjeng. Hie konnt an den éischten 30 Minutte 7 Goler markéieren; no 60 Minutten hat hien 8 Goler um Kont stoen, huet awer och mat schéinen Uspillaktioune geglänzt. Diddeleng huet am éischten Duerchgang virun allem vun de Goler vum Josip Ilic (6) an Aldin Zekan (5) gelieft.

Diddeleng hat de Match nom Säitewiessel eigentlech am Grëff, mee huet sech duerch vill Zäitstrofe selwer a Bedrängnis bruecht. Käerjeng konnt dovu profitéieren an an der 48. Minutt eng éischt Kéier zënter der Ufanksphas ausgläichen. Virun allem de jonken Noah Huberty huet an dëser Phas fir Käerjeng markéiert. Dës Egaliséierung huet awer just kuerz ugehalen.

Käerjeng huet an der Defense mat enger Manndeckung op den Ilic an den Etute versicht, de Match nach eng Kéier ze dréinen, mee dat sollt net geléngen. Ausserdeem ass de Grénge wärend 10 Minutte (47.-57.) kee Gol gelongen, firwat den HBD eng éischt Kéier op 6 Goler ewechzéie konnt. Domat war d'Mass gelies, och wann d'Resultat um Enn ze héich ausfält. Den Aldin Zekan gouf zum MVP vum Match gewielt an huet mat 9 Goler de Familljenduell géint säi Brudder Armin (5) bei Käerjeng gewonnen. Fir Diddeleng kéint e Samschdeg den éischte Coupegewënn säit 2013 wénken.

Well den Titelverdeedeger Esch net méi an der Course ass, wäert et dëst Joer en neie Coupegewënner ginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater