Bierchem huet sech den éischten Titel vun der Saison geséchert. Si klappen Diddeleng an enger eesäiteger Finall 34:28.

Resumé Finall Coupe am Härenhandball / Reportage Gilles Tricca

Bierchem konnt an der 20. Finall a senger Veräinsgeschicht déi 12. Kéier d'Coupe an d'Luucht stemmen.  Am Duell tëscht dem Tabellenzweeten HB Diddeleng an dem Tabellendrëtten HC Bierchem haten d'Réiserbänner an engem ausverkaafte Gymnase vun der Coque kloer d'Iwwerhand an no 60 Minutte stoung et 34:28.

Béid Ekippe stounge sech virun dëser Partie scho 5 Mol an enger Finall géintiwwer, wou den HBD bis elo 3 Mol als Gewënner vum Terrain gaange war (1972, 1973, 2009). Fir Bierchem ass et den éischte Coupegewënn zënter 2021 a kann domat op den zweeten Doublé no 2005 an der Veräinsgeschicht hoffen. Diddeleng muss weider op déi éischt Coupe zënter 2013 waarden.

HB Diddeleng - HC Bierchem 28:34

Bei Bierchem hunn d'Laangzäitblesséiert Yann Hoffmann, Ben Majerus a Scott Meyers gefeelt, déi awer sou wäit et geet weider um Training participéieren, wéi d'Réiserbänner an engem Video virun der Finall matgedeelt hunn. Fir Diddeleng koum den Ausfall vun hirem jonke Spillmaacher David Ojié Etute wuel zum falsche Moment. Et huet ee gemierkt, dass den Nationalspiller de Fiiss gefeelt huet.

De Match hat mat héijem Tempo op béide Säiten ugefaangen an et blouf kaum Zäit, fir Loft ze huelen. Och d'Golkipper ware gutt an de Match komm, mee et war de Grzegorz Czapiewski, deen zum wichtege Facteur gi sollt. Hie war nom Réckzuch vum HB Péiteng virun der Saison 2023/24 an de Réiserbann komm. Ab der 17. Minutt, beim Stand vun 9:6 fir Bierchem, huet de Pol säi Gol ofgespaart an Diddeleng krut bis an d'29. Minutt kee Ball eran. De Czapiewski hat no 30 Minutte schonn 10 Paraden um Kont, am ganze Match waren et der 17. Hie gouf och zum MVP vum Match gewielt.

Am Ugrëff hu bei de Réiserbänner virun allem de Raphael Guden an den Oskar Wener brilléiert. Si hu mam Lé Biel respektiv mam Slobodan Ervacanin d'Fiedem am Réckraum gezunn a Bierchem ass Gol fir Gol ewechgezunn. Och an der Verteidegung hat den amtéierende Champion méi Zougrëff an huet déi jonk Diddelenger Spiller net duerchkomme gelooss.

De Rusty, d'Diddelenger Maskottchen, huet nieft dem Terrain alles ginn, fir d'Supporter ze animéieren, an d'Ënnerstëtzung war och do, och wann d'Gesiichter ëmmer méi laang goufen. De Support vun den Tribünen ass awer net op d'Spiller iwwergaangen. D'Säite goufe beim Stand vun 18:8 fir Bierchem gewiesselt.

RTL

© Yannick Glod

Et huet een Diddeleng ugesinn, dass si sech net opginn haten, mee si konnten de Bock net méi ëmstoussen. Bierchem huet säi Stiwwel an aller Rou erofgespillt a konnt de Virsprong konstant bei 10 Goler halen. An de leschte Minutte konnten d'Fiiss nach e bëssen Ergeebniskosmetik bedreiwen an de Réckstand op 6 erofdrécken. De Raphael Guden war mat 11 Goler nees beschte Buteur vu senge Faarwen. Mee och de Samuel Itua Etute op Diddelenger Säit huet 11 Mol markéiert.

Fir Bierchem ass déi 12. Coupe an der 63-järeger Veräinsgeschicht bei der 20. Participatioun an enger Finall. Rekordgewënner bleift den HB Esch. Wann een d'Victoirë vun der Escher Fola, der Fraternelle an dem HB Esch zesummerechent, steet de Fusiounsveräi bei 33 Couppen.

Et ass och eng vun den héchste Victoiren an ee vun den eesäitegste Matcher an de leschte Joerzéngten an enger Coupefinall gewiescht. 1999 hat Diddeleng d'Escher Fraternelle mat 32:20 aus der Hal geschoss, 2013 war et nees den HBD, deen d'Red Boys Déifferdeng mat 28:18 geklappt hat. Dës Kéier muss Diddeleng déi batter Pëll selwer schlécken. 2017 war Bierchem mat -8 géint Esch ënnerleeën.

Den Iwwerbléck vun de Resultater