Diddeleng no zweeter Victoire géint Esch éischte Finalist

© Pixabay / JeppeSmedNielsen
Den HBD konnt sech no der 36:24-Victoire e Samschdeg och um Dënschdeg géint den HB Esch behaapten. De Géigner gëtt en Donneschdeg ermëttelt.
D’Diddelenger Dammen hunn näischt ubrenne gelooss, an hunn och den zweete Match géint den HB Esch schlussendlech kloer a verdéngt mat 41:24 gewonnen. Domat steet den éischte Finalist fest.
D’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor huet d’Zepter vun Ufank un an de Grapp geholl, a louch no 10 Minutte schonn 8:3 vir. Den Escher Trainer Henri Mauruschatt huet mat engem Timeout versicht, de Laf vun de Fiiss ze briechen, mee och duerno hu seng Damme kee Rezept géint den effizienten Diddelenger Ugrëff fonnt. Virun allem d’Variabilitéit huet Diddeleng geféierlech an onberechenbar gemaach. Ganzer 10 Spillerinne konnten an den éischten 30 Minutte markéieren an esou stoung et 22:10 fir den HBD.
An der zweeter Hallschent goung dat selwecht Spill weider. Diddeleng huet säi Spill erofgespillt an och déi jonk Gard duerft hiert Talent ënner Beweis stellen. Géint Enn vum Match koum Esch zu méi Golchancë wéi am Rescht vum Match a konnt de Score nach e bësse kosmeetesch verschéineren. No 60 Minutte stoung en 41:24 um Tablo an déi zweet HBD-Victoire war an dréchenen Dicher.
Domat steet Diddeleng an der Finall vum neie Playoff-Modus, muss awer nach bis en Donneschdeg waarden, fir säi Géigner ze kennen. Dee gëtt dann tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem HB Käerjeng am renovéierte Centre sportif John Scheuren, nom verstuerwenen Déifferdenger President benannt, gesicht.
Esch kann trotz de kloren Néierlagen an der Halleffinall houfreg op dës Saison zeréckblécken. Et ass déi éischt Kéier zënter der Grënnung vun der Dammen-Ekipp, dass den HBE am Championnat ënnert déi véier bescht Ekippe koum. Vill dozou bäigedroen huet d’Noémie Hoffmann, déi och an den Nationalkader beruff gi war.
Mat Bléck op déi nächst Saison hunn d’Fiiss fir hir Hären-Ekipp an de leschte Wochen eng Rei Neizougäng (Loris Labonté a Yann Hippert vun Esch, Matush a Yakub Lallemang vu Käerjeng) presentéiert. Et bleift ofzewaarden, ob a wéi sech d’HBD-Damme fir d’nächst Saison wäerte verstäerken.