90 Kanner beim U8-Camp vun der FLBB mat dobäi
FLBB profitéiert dacks vun de Feierdeeg oder de Schoulvakanze fir Campen ze organiséieren.
Deen e Freideg zu Ettelbréck organiséiert ginn, ass hat nees richteg Succès.
90 Kanner ware bei der zweeter Editioun vum Mini Basket Day U8 dobäi. Dës Unzuel ass och de Maximum, deen d'Basketfederatioun unhëlt, fir esou e gudden a flotten Dag ze garantéieren.
An der Baskethal vun der Ettelbrécker Etzella war et um Freideg de Moien alles anescht wéi roueg. E gutt Zeechen, well dann ass eng richteg lass.
An e puer Ateliere goufe fir d’Kanner Spiller gemaach a bei aneren Exercicer ware scho liicht méi technesch Übunge mat dobäi. Ze komplex soll et awer net ginn, well am Vierdergrond bei dësem Camp soll awer de Spaßfaktor iwwert allem stoen.
Den Alexandre Carradore vun der FLBB: "Mir hunn och elo Face-painting fir d'Kanner, mir hunn e Sprangschlass, mir hunn och de Maskottchen, also et sinn alles kleng Saachen, déi de Kanner e flotten Dag sollen erméiglechen. Duerno kréie se och nach e Kaddo, dat awer eréischt um Enn vum Dag, wa mir d'Iwwerreechung maachen. Awer d'Iddi ass, dass si herno Heem ginn, wéi wa se no enger Party gewiescht wieren. Et solle Momenter sinn, déi hänke bleiwen."
D'FLBB huet et ob alle Fall gepackt, dass sech gutt amuséiert a vill gelaacht gouf, well fir jidderee war eppes dobäi. Et war fir Kanner net einfach fir just eppes erauszepicken.
U8 ass elo déi jéngste Kategorie, déi un engem Camp deelhuele kann. Net onméiglech, dass iergendwann an der Zukunft, och déi méi kleng vun esou enger Geleeënheet profitéiere kënnen, mengt den Alexandre Carradore:
"Mir hunn nach kee Camp fir déi nach méi Jonk op d'Bee gestallt. Mir fänke mat den U8 un, dann hu mer Campe fir d'U10, U12, U14, U16 an U18. Et ass elo dat zweet Joer, wou mir mat dëser Altersgrupp schaffen, mir hunn nach net iwwerluecht ob mir och e Camp fir déi nach méi Jonk sollen organiséieren. Mee firwat net. Jidderee soll d'Méiglechkeet kréie mat eis zesummen ze schaffen."
Bei de Matcher 3 géint 3 gouf um Enn dunn awer nach eng kéier richteg geraibert. Ënnert dem Stréch war et, wéi sou dacks, nees e flotten Dag, deen FLBB fir Kanner organiséiert hat.

© Tom Hoffmann