Malteeseschen Olympesche Comité suergt fir Frustratioun a wéineg Versteesdemech
Den Dëschtennisspiller Gabriel Grixti ass de malteesesche Champion am Eenzel, gouf fir d'Spiller vun de klenge Länner vum MOC allerdéngs net nominéiert.
Op Facebook huet de Gabriel Grixti sech, nodeems de Malteeseschen Olympesche Comité d'Nominatioune fir d'Spiller vun de klenge Länner erausginn huet, eng éischte Kéier offiziell zu Wuert gemellt.
Dem Gabriel Grixti säi groussen Dram ass et, Malta op der internationaler Bün ze representéieren. Wéi den MOC leschten Donneschdeg d'Nimm vun de Spiller a Spillerinnen, déi fir Malta bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi sinn, annoncéiert huet, war hie schockéiert, dass säin Numm net dobäi war. Wann ee sech dann d'Nimm méi genee ukuckt, fält op, dass ënnert de 6 nominéierte Spiller a Spillerinnen, nëmmen een eenzege gebuerene Malteeser ass.
D'Maria-Carmelia Iacob ass eng gebuere Rumänin, d'Viktoria Lucenkowa eng gebuere Slowakin, d'Renáta Štrbíková eng gebueren Tschechin, de Felix Wetzel e gebuerenen Däitschen an den Dmitrij Prokopcov e gebuerenen Ukrainer. Eenzeg den Daniel Bajada ass op Malta gebuer an opgewuess.
Wéi de Gabriel Grixti op Facebook erkläert, hätt déi malteesesch Regierung kuerz virun de Spiller vun de klenge Länner 2023 op Malta véier Päss fir net-malteesesch Athleten ausgestallt. De Gabriel Grixti krut gesot, dass Malta doduerch besser Gewënnchancen hätt an dass dës Spiller hire Bäitrag géife leeschten, fir de Sport op Malta ze entwéckelen. Dëst wier awer en eidelt Versprieche gewiescht. Déi entspriechend Spiller wieren also kuerz virun de Spiller opgedaucht an elo nees fir zwee Joer verschwonnen. Fir d'Spiller 2025 wiere si elo nees aus dem Näischt opgedaucht, seet de malteesesche Champion am Eenzel an Dubbel. Si géifen net aus Leidenschaft oder Houfert spillen, mee géint Bezuelung.
Dem Gabriel Grixti no géif d'Regierung hei Steiergelder fir Sportler ausginn, déi nach ni eppes zur malteesescher Sportcommunautéit bäigedroen hunn, iwwerdeems malteesesch Sportler, déi trainéieren, villes afferen a vill schaffen, am Reen stoe gelooss ginn.
"Ech war ëmmer houfreg drop, d'malteesesch Faarwen ze droen. Mee haut fillen ech mech am Stach gelooss vu genau deenen Institutiounen, déi eigentlech Sportler an de Sport schütze sollten", esou nach de Gabriel Grixti.
Reaktioun vum MOC
Doropshin huet den MOC reagéiert an e Statement verëffentlecht. Doranner huet den MOC kloergestallt, dass de Gabriel Grixti eng Partie Traininge verpasst hätt. Et wier dem MOC wuel bewosst, datt hien niewebäi studéiert, mee et hätt een en héije Standard an dee bréicht een och, wann een de Sport am Land weiderbrénge wéilt.
Donieft huet den MOC ënnerstrach, de Gabriel Grixti géif falsch an net fondéiert Informatiounen iwwer d'Team Malta an d'Athlete verbreeden. An deem Abschnitt erkläert den MOC, datt déi divers Spiller a Spillerinne wuel e gewëssen Deel zum malteesesche Sport géife bäidroen, ob dat via Training oder international Relatiounen ass.
Ënnert dem Stréch huet den MOC erkläert, datt nationale Champion ze sinn, net duergeet. De Gabriel Grixti wier ënnert dem Stréch net gutt genuch an hätt méi wéi eng Kéier gewisen, datt hien d'Team net ënnerstëtzt.
"Excusen, falsch Behaaptungen an onbeäntwert Froen"
De Gabriel Grixti huet sengersäits och dorobber nees geäntwert mat der Iwwerschrëft: "Excusen, falsch Behaaptungen an onbeäntwert Froen".
De malteeseschen Athlet huet ënnerstrach, datt hien net nëmme fir sech géif schwätzen, mee fir all d'malteesesch Sportler, déi vill Zäit a Fläiss investéiere géifen, fir da vum MOC "am Ausland gebueren" Athlete virun d'Nues gesat ze kréien.
A sengen Ae géife malteesesch Athlete vum Malteeseschen Olympesche Comité diskriminéiert ginn. Hie wërft a sengem Post och d'Fro op, ob dat wierklech de Message ass, deen ee wëll erausginn, dass lokal Athleten ëmmer nëmmen den zweete Choix bleiwen.
"Un den MOC an all déi, déi fir d'Gestaltung vun der Zukunft vu Malta an dem malteesesche Sport verantwortlech sinn - mir verdénge Besseres. Eis Sportler verdénge Besseres. Malta verdéngt Besseres", esou de Gabriel Grixti ofschléissend.