De Swift Hesper dierf 3 Joer laang keng Transferte maachen, dat huet RTL-Informatiounen no d‘FIFA dem Veräin vum Holleschbierg matgedeelt.

Domat gëtt déi eigentlech Strof vun dräi Transfertperioden, déi Hesper am Ufank vum Joer krut, op elo sechs erhéicht. De Weltfuttballverband kann esou Strofe verdeelen, wann zum Beispill Spiller géintiwwer der FIFA geklot hunn, hir Salairen net all kritt ze hunn, respektiv ee Veräin géint finanziell Virschrëfte verstouss huet.

Donieft steet jo zanter Woche fest, datt Hesper och fir déi nei Saison keng UEFA-Lizenz wäert kréien, deemno also net hätt kënnen europäesch spillen.