E Freideg stoung déi zweet Finall am Handball-Championnat vun den Dammen um Programm. D'Heemekipp vu Käerjeng hat hei e Matchball.

No der schlechtster Leeschtung vun der Saison en Dënschdeg waren d’Diddelengerinnen dozou verdaamt, de Match zu Käerjeng ze gewannen. Dat sollt dem Titelverdeedeger awer net geléngen. An enger voller Hal um Käerjenger Dribbel huet d‘Lokalekipp hiren éischte Matchball direkt genotzt a kréint sech no der 29:19-Victoire fir d’35. Kéier zum Lëtzebuerger Damme-Champion.

De Resumé vum Match vum Serge Olmo

D’Ufanksminutte mussen Diddeleng wéi en Déjà-vu vum leschte Match virkomm sinn. D’Gäscht hate vill Ballverloschter an hunn onprezis op de Gol geschoss, sou dass si no 8 Minutten 1:5 hanne waren. Mä och op Käerjenger Säit war d’Nervositéit ze spieren.

Well sech Käerjeng tëscht der 14. a 16. Minutt dräi Zäitstrofe gefaangen huet, konnten d’Fiiss dës Iwwerzuel notzen an no 17 Minutten op 8:8 stellen. Eng Minutt méi spéit louche si souguer eng éischt Kéier vir. Nieft der Ënnerzuel war Käerjeng an där Phas och net aktiv genuch am Ugrëff.

Ab der 20. Minutt krut sech Käerjeng nees gefaangen a konnt nees d’Féierung iwwerhuelen, well dem HBD wärend 8 Minutte kee Gol gelongen ass. Beim Gang an d’Kabinne stoung et 13:11 fir d’Lokalekipp.

Déi Gréng haten och de bessere Start an d’zweet Hallschent, wärend den HBD nees Startschwieregkeeten hat. D’Zorana Jurcevic am Käerjenger Gol huet an dëse Minutten och hire Bäitrag geleescht. Spéitstens nom 18:12 an der 39. Minutt louch de Momentum kloer op Käerjenger Säit, an deen hu si sech net méi huele gelooss.

D’Ekipp vum Trainer Dan Mauruschatt huet vir wéi hannen am Kollektiv iwwerzeegt. Si hunn och hir Bandespillerinne konsequent agesat, wat op Diddelenger Säit komplett gefeelt huet. D’Tina Welter an d’Mathilde Poulet waren nieft der Teodora Galic d’Haaptgoalgetteren.

Wéi kloer war, dass de Match net méi ze gewanne war, ass Diddeleng auserneegefall an näischt huet méi funktionéiert. An der 52. Minutt louch Käerjeng 10 Goler vir (26:16) an huet dësen Avantage och an d’Zil bruecht.

Fir den HB Käerjeng ass et déi insgesamt 35. Meeschterschaft an der Veräinsgeschicht an déi 6. an de leschten 10 Joer. Domat ass den Titel no engem Joer Intermezzo an der Forge du Sud nees an der Brauereistad. Fir d’Tina Welter ass et e würdegen Ofschloss vun hirer aktiver Handballkarriär.

D’Meeschterschaft fir Käerjeng ass ëmsou méi iwwerraschend, well déi Gréng am Dezember nach um Buedem louchen. Am Januar huet mam Dan Mauruschatt en neien Trainer d’Zepter iwwerholl an huet der Ekipp neit Liewen agehaucht. Ab Februar war och d’Claudine Mendy net méi am Kader, well et intern Differenze gouf. Fir Käerjeng ass et eng änlech Cinderella-Story wéi fir Diddeleng an der leschter Saison.

Den HBD kann trotzdeem houfreg op dës Saison zeréckblécken. Si bloufen 19 Matcher hannerteneen ongeschloen (saisoniwwergräifend 35 Matcher), hunn d’Coupe verdeedegt an hunn de Lëtzebuerger Handball am European Cup staark vertrueden. Um Enn musse si sech d’Fro stellen, firwat d’Leeschtung an den zwee decisive Finallmatcher net gestëmmt huet. Vläicht och wéinst dem Feele vun der Ninon Bolle. Insgesamt gounge just dräi national Matcher verluer.