Tottenham wënnt Europa League, Remis fir Metz am Barrage

© JOSEP LAGO AFP
Tottenham huet sech am engleschen Duell mat 1:0 géint Manchester United duerchgesat. Metz huet 1:1 géint Reims gespillt.
Tottenham Hotspur huet d'Finall vun der Europa League gewonnen. E Mëttwoch den Owend huet ee sech zu Bilbao a Spuenien mat 1:0 géint Manchester United behaapt. Den decisive Gol huet den Johnson an der 42. Minutt markéiert.

© JOSEP LAGO AFP
An enger iwwer wäit Strecken zéier Finall hunn d'Spurs um Enn e gléckleche Gol virun der Paus genotzt, fir sech den Titel ze sécheren. No enger schaarfer Flank vum Sarr virun de géigneresche Gol huet den Johnson de Ball nëmme liicht gesträift. Dat ronnt Lieder ass du widder den Aarm vum ManU-Verdeedeger Shaw gesprongen a vun do a Richtung Gol. Um Enn huet den Johnsson de Ball iwwer d'Linn gedréckt. An der zweeter Hallschent huet Manchester United probéiert, fir géint Tottenham, déi déif stoungen, unzekommen, ma si sinn nëmme seele virun de Gol komm a wann, dann huet déi néideg Prezisioun gefeelt.
Fir d'Spurs ass et deen éischte groussen Titel zanter 1991. Deemools hat ee sech den FA Cup geséchert. Duerno hat een nach de Supercup 1991/1992 wéi och den EFL Cup 1999 an 2008 gewonnen. International hat een 1972 an 1984 den UEFA-Cup (Virgänger vun der Europa League) gewonnen.
Duerch d'Victoire vun der Europa League spillt Tottenham d'nächst Saison international an ass an der Champions League dobäi. Domadder huet een d'Saison, déi een an der Premier League nëmmen op Plaz 17. ofgeschloss huet, awer nach gerett. Manchester United ass am englesche Championnat net iwwer déi 16. Plaz erauskomm.
D'Finall vun der Champions League gëtt iwwerdeems den 31. Mee gespillt. D'Partie tëscht dem PSG an Inter Mailand kënnt Dir live op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play kucken.
Barrage a Frankräich
Am franséische Futtball war e Mëttwoch den Owend den Allersmatch vun der Finall am Relegatiouns-Playoff. Metz aus der Ligue 2 a Reims aus der Ligue 1 hu sech mat engem 1:1-Remis getrennt. D'Lokalekipp war an der 38. Minutt duerch e Gol vum Udol a Féierung gaangen. No der Paus hat de Kipre (52') ausgeglach.
De Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.
De Retourmatch ass den 29. Mee zu Reims. Hei decidéiert sech dann ob Metz den direkter Opstig packt oder eng weider Saison an der Ligue 2 bleiwe muss.

© AFP