Lëtzebuerger Basketdamme wëlle Montenegro d'Stier bidden
En Dënschdeg starten d'FLBB-Dammen an Andorra an d'Kompetitioun.
D’Basketnationalekipp vun den Dammen huet grouss Ambitiounen fir d’Spiller vun de klenge Länner.
En Donneschdeg hat d’FLBB-Selektioun hire leschten Training zu Lëtzebuerg. Duerno ass et a Richtung Andorra gaangen.
Bei der Kompetitioun, déi de 27. Mee fir d’FLBB-Selektioun wäert ufänken, riskéiert et ganz intensiv ze sinn. D’Dammennationalekipp hat bekanntlech staark Resultater a gouf jo als Ekipp vum Joer ausgezeechent.
Den éischte Géigner an Andorra ass Zypern. Da geet et géint Andorra. Als lescht waart dann de Favorit, zesumme mat de Lëtzebuergerinnen, an dat ass Montenegro.
Den Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia ass zefridde mat der Preparatioun. Et hätt ee virun de Spiller och e bësse méi Zäit gehat wéi dat soss virun internationale Matcher de Fall wier. Hie kann dann och op déi stäerkst Spillerinnen zeréckgräifen an och déi aus dem Ausland, wéi d'Ehis Etute si mat vun der Partie.
Relativ kuerzfristeg hate sech am Virfeld vun de Spiller vun de klenge Länner mat Amanda Cahill a Lisy Hetting wichteg Elementer aus der Nationalekipp zréckgezunn, mä den Trainerstaff huet Alternative fonnt.
An Andorra sinn nëmme véier Selektioune beim Baskettournoi dobäi, doduerch huet de Modus missen adaptéiert ginn. Et kann net a Gruppe gespillt ginn. Elo spillt jidderee géint jiddereen, duerno ginn et Halleffinallen an da gëtt ëm Bronze a Gold gespillt.
D’Rout Léiwinne kënne sech gutt virstellen, bei deem Modus eng gutt Performance ze weisen. D'Esmeralda Skrijelj geet optimistesch an den Tournoi.
"Et ass jo Spiller vun de klenge Länner, dat heescht natierlech sinn net vill Länner mat dobäi, an awer wäert et ganz intensiv sinn, ganz flott sinn. Et ass ee Spillmodus, deen eis läit, dee mer och gewinnt ware virun, dass mer an de Qualifikatioune bei deene groussen Tournoie matgemaach hunn. Dat heescht hei geet et elo drëms, fir wierklech gutt ze recuperéieren no de Matcher, gutt mam Stuff ze schaffen, fir esou vill wéi méiglech a Form ze sinn."
D’FLBB-Selektioun hat déi lescht Méint a Joren dacks als Géigner d’Selektioun aus Montenegro. Bei der EM-Qualifikatioun gouf et eng däitlech Victoire doheem, mee eng nach méi héich Defaite am decisive Match ëm d'EM-Quali auswäerts. 2023 huet de Montenegro och Gold kritt bei de Spiller vun de klenge Länner géint Lëtzebuerg. D’Léiwinne wëlle besonnesch deem Géigner den Aarm béien.
"Ech wëll net all ze wäit no vir kucken. Natierlech ass Montenegro de Favorit vum Tournoi. Mee voilà, et hänkt och dovunner of mat wéi engen Ekippen déi aner Länner kommen. Ech menge bei de Spiller vun de klengen Länner gëtt et keng Reegel mat den Auslänner. Dat heescht et ass schwéier, esou no vir ze kucke wéi eng Ekipp Andorra, Zypern huet. Um Pabeier wäert Montenegro de stäerke Géigner sinn. An do hänkt et dann eeben och dovunner of, ob si mat der Ekipp kommen, déi si op d'EM schécken oder ob se do awer nach e puer Spillerinne wëlle schounen", sou d'Anne Simon.
Wann et keng Verletzungen an Andorra ze bekloe ginn, da kann ee mat dëser Selektioun mat Recht ganz optimistesch an den Tournoi goen.
Wärend der EM-Qualifikatioun gouf et jo e richtegen Hype ronderëm d’Lëtzebuerger Damme-Basket-Nationalekipp. Vläicht gëtt et deen dann och nees an e puer Deeg.
D'Häre si bei de Spiller vun de klenge Länner zu Andorra net mat dobäi. Hei hate sech net genuch Ekippen ugemellt.