Red Boys confirméiere Marc Breser als neien Hären-Trainer

© Facebook / Nikola Malesevic
Laang gouf spekuléiert, elo ass et confirméiert. Den neie Champion huet den Nofollger vum Nikola Malesevic ëffentlech matgedeelt.
Wéi d'Red Boys Déifferdeng en Dënschdeg an engem Communiqué matgedeelt hunn, wäert de Marc Breser vun der nächster Saison un den neie Lëtzebuerger Handball-Champion trainéieren. Hien iwwerhëlt d'Amt vum Nikola Malesevic, dee nom Titelgewënn op de Sozialen Netzwierker emotional op déi lescht zwou Saisonen zeréckgekuckt an Äddi gesot huet.
De Marc Breser ass keen Onbekannte bei den Déifferdenger. Hie bréngt laangjäreg Erfarung als Jugendtrainer mat a war nach an der Saison 2023/24 de Co-Trainer vum Malesevic.
Des Weideren hunn d'Red Boys matgedeelt, dass si sech am Gol mam jonke Guillaume Felici, dee rezent de Sprong an d'Nationalekipp gepackt huet, verstäerken. Am Feld sollen den Ivan Garcia, dee vu Bierchem an d'Cité du Fer wiesselt, an de jonke Romuald Murera, dee wéi de Felici vu Käerjeng kënnt, fir nei Akzenter suergen an d'Spilliddi vum neien Trainer ëmsetzen.
Et war scho méi laang gewosst, dass Déifferdeng seng gestane Spiller Brice Aillaud, Chris Auger, Roman Becvar, Matej Mudrinjak a Yacine Rahim verléiere géif. De Veräi wëll sech an nächster Zäit, wéi déi meescht Lëtzebuerger Ekippen, mat villverspriechende Lëtzebuerger Talenter verstäerken a wirtschaftlech Fouss beim Mol halen.