De Pedro Silva gëtt beim Doublé-Gewënner FC Déifferdeng 03 de Successeur vum Pedro Resende op der Trainerbänk.

Den 33 Joer ale Portugis gouf de Mëttwoch de Mëtteg offiziell virgestallt. Bis elo huet de Pedro Silva d‘U19-Ekipp vun Alverca a Portugal trainéiert.