Senger Meenung no hätt missen en Zeeche gesat ginn an et hätt een de Spiller eng Zäitche missen ewechloossen.

D'Decisioun, de Futtballnationalspiller Gerson Rodrigues no senger Condamnatioun am Appell wéinst Gewalt am Stot a Kierperverletzung ze nominéieren, ass grenzwäerteg, seet de Sportminister Georges Mischo. Hei géif d'Virbildfunktioun, déi Sportler missten hunn, mat Féiss getrëppelt. Hien dierft als Minister natierlech net an Nominatiounsprozeduren agräifen, mee Nationaltrainer a Federatioun missten hei hir Responsabilitéit huelen.

De Georges Mischo (1)

Datt d'Futtballfederatioun e Journalist vum Quotidien vun enger Pressekonferenz ausgeschloss huet, wier "en absolutten No-Go", betount de Georges Mischo. Och wann ee kritesch Froe stellt, dierft een net ecartéiert ginn. Domadder kéint hien als Sportminister net liewen. De concernéierte Journalist misst nees zu alle Pressekonferenzen zougelooss ginn. Sou e Verhalen géif vu Leit wéi engem Donald Trump oder Viktor Orban virgelieft ginn, domadder kéint hie sech net identifizéieren.

De Georges Mischo (2)

Hien hätt dem President vun der Futtballfederatioun Paul Philipp dat och esou en Donneschdeg an engem Gespréich gesot. De Luc Holtz gouf op der offizieller Pressekonferenz virum Match en Donneschdeg drop ugeschwat, wéi hien an d’Spiller mat der Situatioun ëmginn. Den Nationaltrainer huet wuel op d’Froen geäntwert, mee ass op senge Positioune bliwwen.

RTL

© Eric Ebstein