BasketIvan Delgado wiesselt bei den T71 Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
Den amtéierende Vize-Champion huet sech fir déi nächst Saison mam Nationalspiller Ivan Delgado verstäerkt.
© T71 Diddeleng/Facebook

Den 26 Joer alen Delgado huet als Sportzaldot déi lescht Joren zum Deel als Profi am Ausland gespillt, an der Saison 2024/25 stoung hien a Portugal ënner Vertrag. Zu Lëtzebuerg stoung hie bis elo just bei der Etzella Ettelbréck um Terrain, elo wäert hie säin Talent zu Diddeleng ënner Beweis stellen.

Niewent dem Delgado huet Diddeleng viru Woche schonn de Finn Reisdorffer (Mamer) an den Jimmie Lee Taylor (Ettelbréck) verflicht. Neien Trainer ass bekanntlech de Lëtzebuerger Christophe Ney.

Back to Top
CIM LOGO