Sarah De Nutte verpasst mat Metz Champions-League-Titel

D'Sarah De Nutte am Joer 2022. / © Archiv / Xinhua via AFP
D'Sarah De Nutte koum am Retourmatch an den Asaz an huet hire Match gewonnen.
D'Sarah De Nutte huet en Donneschdeg den Owend mat hirem Veräin Metz TT am Retourmatch vun der Champions-League-Finall eng enk 3:2-Victoire géint den TTC Berlin Eastside gefeiert. No enger 1:3-Defaite am Allersmatch ass d'Victoire vum Donneschdeg net duergaangen, fir sech den Titel ze sécheren.
D'Berlinerinne waren am Retourmatch séier mat 2:1 a Féierung gaangen, wat bedeit huet, dass de Championstitel hinne net méi ze huele war. Beim 2:2-Zwëschestand koum d'De Nutte an den Asaz a konnt sech an engem spannende leschte Match géint dat däitscht Nowuesstalent Josephina Neumann duerchsetzen.
Och déi Lëtzebuerger Dëschtennis-Arbittere Pol Pierret a Frank Schoellen ware bei der Champions-League-Finall am Asaz.