Lëtzebuerger Häre wanne géint Aserbaidschan, Damme verléiere géint Island

© Gilbert Kremer
E Freideg huet d'Lëtzebuerger Volleyball-Härennationalekipp hiren drëtte Match an der Silver League gespillt. Fir d'Damme war et schonn déi fënneft Partie.
Drëtt Victoire am drëtte Match an der Silver League fir d'FLVB-Hären. E Freideg huet ee sech zu Baku mat 3:0 (25:20, 25:19 a 25:21) géint den Aserbaidschan behaapt.
Domadder steet d'Lëtzebuerger Härennationalekipp virleefeg un der Tabellespëtzt vun der Silver League. Déi zwou bescht Ekippe qualifizéiere sech fir d'Finall.
E Samschdeg heescht de Géigner fir Braas a Co Ungarn.
Damme mat weiderer Néierlag
Am Gymnase vun der Coque huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp géint Island verluer. Mat 2:3 (22:25, 25:21,26:24, 15:25, 14:16) hu van Elslande a Co de Kierze gezunn. D'Lëtzebuerger Damme konnte bis ewell nach kee vun hire fënnef Matcher gewannen. Si stinn an der Tabell op Plaz 8 ënner 9 Ekippen an hu keng Chance méi op eng vun den zwou Plazen an der Finall.
Am Virfeld vum Match goufen dräi Lëtzebuergerinne fir eng Abberzuel u Selektioune geéiert: Carla Mulli an Yana Feller fir 50 Matcher, d'Cindy Schneider fir 75 Matcher am Dress vun der FLVB.
E Sonndeg geet et am leschte Match vun der Silver League géint d'Färöer Inselen. D'Partie kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.