D'Saison 2024/25 ass zënter dräi Wochen an de Bicher an d'Veräiner stelle sech fir déi nächst Saison op.

Den HB Esch huet e Freideg op de Sozialen Netzwierker matgedeelt, dass een an der Persoun vum Laurent Melchior en neien Trainer fir seng Dammenekipp fonnt huet. Den Henri Mauruschatt, deen an de leschte fënnef Spillzäiten d’Leedung hat, huet sech entscheet, méi kuerz ze trieden. Och säi Co-Trainer Luc Schiertz stoung fir e weidert Engagement net méi zur Verfügung, wéi de Veräin op Nofro matgedeelt huet. Zil géif et weiderhi bleiwen, fir d'Ekipp an der héchster Spillklass ze etabléieren. Dat kéint sech awer duerch méiglech Ofgäng vu Spillerinne séier änneren.

Wéi et op der Homepage vun de Schwaarz-Wäissen heescht, iwwerhëlt de Laurent Melchior de Poste vum Cheftrainer mat "vill Passioun" a bréngt eng "zolidd Experienz" mat. De Melchior, deen ursprénglech aus dem Futtball kënnt, war an de leschten zwou Saisone Co-Trainer vum Michel Scheuren bei der Red Boys Déifferdeng.

Suerg, dass säi fréiere Co-Trainer Spillerinne vun Déifferdeng op Esch mathëlt, huet de Michel Scheuren awer net, wéi hien op Nofro hi geäntwert huet. De Melchior hätt hien och am Virfeld iwwer säin Engagement zu Esch informéiert, sot de Scheuren. Et wär scho laang säi Wonsch gewiescht, Cheftrainer vun enger Ekipp ze ginn.

Mee och bei de Spiller goufen an de leschte Woche vill Wiessele bekannt. 
 
Champion Déifferdeng fënnt Ersatz fir de Brice Aillaud

Och um Freideg huet den Häre-Champion Red Boys Déifferdeng matgedeelt, en Ersatz fir ee vun de Pilier vun der Ekipp Brice Aillaud fonnt ze hunn. De Lucas Meyffret schléisst sech dem Veräin aus der Cité du Fer fir zwou Saisonen un a soll eng wichteg Stäip am fuschneie Kader vum neien Trainer Marc Breser ginn. De Meyffret huet déi zwou lescht Saisonen an der franséischer Nationale 1 (3. Liga) fir Draguignan Var Handball gespillt.

RTL

© Red Boys Déifferdeng

De Coupegewënner HC Bierchem huet sech iwwerdeems mam Dragan Vrgoc verstäerkt, deen an der leschter Saison nach fir Käerjeng um Terrain stoung. Mee virun allem wäert een am Réiserbann frou sinn, wa Laangzäitblesséierter wéi Yann Hoffmann, Ben Majerus a Scott Meyers nees matwierke kënnen, déi da wéi Neizougäng consideréiert kënne ginn.

Beim HB Esch war scho méi laang kloer, dass de Felix Werdel vun der nächster Saison un nees den Trikot vu sengem Heemechtsveräin iwwerzéie wäert. Donieft soll den Ex-Käerjenger Sebastian Edgar fir Erfarung an der jonker Escher Ekipp suergen.

Fir déi gréisst Opmierksamkeet hunn d’Verflichtunge vum HB Diddeleng gesuergt, dee sech mat jonken Talenter wéi Yakub a Matush Lallemang (Käerjeng), Yann Hippert a Loris Labonté (Esch) verstäerkt huet. Hei bleift nach ofzewaarden, wien d’Ekipp an der nächster Saison coache wäert, vu dass ee sech kuerzfristeg vum Trainer Martin Hummel getrennt huet.

Als eenzeg Ekipp aus den Topp5 huet Käerjeng bis elo nach keen Neizougang public gemaach. Den Trainer Ben Schuster, deen am Dezember 2024 d’Zepter iwwerholl hat, wäert op alle Fall säi Projet, mat jonken, hongrege Spiller erfollegräich ze sinn, weiderféieren.

Och d‘Ekippen aus der Relegatioun, den HB Rëmeleng an de Chev Dikrech, déi weider an der Axa League spille wäerten, hunn Neierungen an hire Kadere matgedeelt. Am Käldall bleift d’Ekipp ronderëm de Kapitän Michel Scheid gréisstendeels zesummen. Hei sinn déi bekanntst Nimm Vincent Schockmel, de Jong vum FLH-President Romain Schockmel, an de Jeremy Guerder, dee fir kuerz Zäit Nationalgolkipp war. Zu Dikrech trëtt mam Blagojce Krstev en neien Trainer säin Amt un, wou den Nordmazedonier ënner anerem och säi Fils Andrijan trainéiere wäert.

Och am Damme-Championnat dréint d’Spillerkarussell

De Laurent Melchior muss bei sengem neie Veräin Esch wuel op déi bescht Goalgetterin vun der leschter Saison verzichten. D‘Noémie Hoffmann ass beim HB Museldall am Gespréich. Och d‘Fabienne Thiry vum HB Diddeleng wiesselt op d’Musel, wéi de Veräi scho virun e puer Méint bekannt ginn hat. Mam Lara Weibel, déi méiglecherweis zu Käerjeng hir Zelter opschléit, kéinten d’Escher Dammen eng weider Stäip aus de leschte Jore verléieren.

Diddeleng huet déi Deeg bekannt ginn, dass d‘Pauline Leythienne, bis elo d’Nummer 1 am HBD-Gol, méi kuerz triede wäert. An der Persoun vum Emeline Hoé hunn d’Fiiss awer séier en Ersatz fonnt. D’Hoé stoung an de leschte Saisonen zu Déifferdeng tëscht de Pottoen. Fir dat Lach ze fëllen, sinn d’Red Boys a Frankräich fündeg ginn. Déi 22 Joer al Charlène Servant kënnt vum Club Asul VV Handball an de Lëtzebuerger Süden.

RTL

© Red Boys Déifferdeng

D’Ex-Nationalspillerin Tina Welter huet hir Karriär bekanntlech un de berüümten Nol gehaangen a konzentréiert sech op hir Trainerformatioun. Wien zu Käerjeng hir Plaz anhuele soll, ass nach net bekannt.
 
Wat fir Wiesselen nach an d’Haus stinn, gëtt ee spéitstens de 24. Juni gewuer. Da leeft nämlech déi national Transfertfënster vun der FLH of.