
Géint Irland hunn d’Lëtzebuerger Tennis-Damme sech um Enn musse knapp mat 1:2 geschloe ginn.
Am éischte Simpel huet d’Laura Palumbo mat 6:7 an 2:6 géint d’Sinead Lohan verluer. Am zweeten Eenzel konnt d’Eléonora Molinaro sech no enger staarker Leeschtung mat 6:1 a 6:2 géint d’Celine Simunyu duerchsetzen an esou zum 1:1 ausgläichen.
Am entscheedenden Dubbel hunn d’Lucie Rabiot an d‘Eléonora Molinaro du knapp mat 6:7 a 4:6 géint d’Anna Bowtell an d’Breda Brennan verluer, soudass et fir Lëtzebuerg déi 5. vun 12 Plazen am Europa-Grupp III ginn ass.