E Samschdeg war den uerdentleche Kongress vun der Handballfederatioun, den zu Miersch am Kader vum 50. Anniversaire vum Veräin MERSCH 75 organiséiert gouf.

A Presenz vum Sportminister Georges Mischo, wéi och Representantë vun de Veräiner, wou ganzer 21 Punkten um Programm stoungen, huet de Kongress gutt zwou an eng hallef Stonn gedauert.

Den FLH-President Romain Schockmel um Mikro vum Cliff Block

De President Romain Schockmel huet am Ufank vum Kongress e puer Mercien ausgeschwat. Och de Sportminister Georges Mischo huet e puer Wuert un déi Responsabel vun der Federatioun an och de Veräiner geriicht , woubäi dësen och d'Ënnerstëtzung aus sengem Ministère dem Lëtzebuerger Handball zougesot huet. Den administrativen Direkter vun der FLH, de Christian Schmitt, war frou matzedeelen, dass vill nei "jonker" eng Lizenz bei der Handballfederatioun gemaach hunn. Et muss elo alles dru gesat ginn, dës Kanner beim Handball ze halen.
 
Bei dëser Geleeënheet goufen och véier nei Memberen an de Conseil d'administration opgeholl. Dat sinn d'Madamm Jil Welter an d'Häre Sacha André, Joé Faber an Tommy Wirtz. Wéi de President Romain Schockmel erkläert huet, besteet de Conseil am Normalfall aus 15 Memberen. De Conseil huet virum Kongress vun e Samschdeg awer just aus 12 Membere bestanen, esou dass 3 Plaze vun Ufank am Conseil un net besat waren. Dobäi kënnt nach, dass den Här Patrick Simonelli sech aus gesondheetleche Grënn aus dem Conseil zeréck zitt. Déi véier nei Membere goufen iwwer "Acclamation" vun de Veräiner ugeholl.

RTL

© Cliff Block

Nieft verschidde Statutenännerungen an neie Reglementer, déi ugeholl goufen, koum et och zur Ofstëmmung vun enger Adaptatioun vum Damme-Championnat. An der ieweschter Spillklass am Damme-Championnat soll just nach mat 6 Ekippe gespillt ginn, an der Promotioun dogéint mat 8 Ekippen. Den neie Championnats-Modus gesäit esouwuel e Playoff wéi e Playdown vir, mat zum Schluss 1/4 Finallen, 1/2 Finallen an enger Finall, an där deelweis am Modus "Best of three" gespillt gëtt. Dëse Virschlag koum vum Handball Museldall, a gouf vun de Veräiner um Kongress mat 29 Jo-Stëmmen zu 21-Nee-Stëmme festgehalen.

Zum Schluss huet ee sech Rendez-vous gi fir de Kongress vun 2026, dëse gëtt den normalerweis den 3. Juli 2026 zu Réiden ofgehalen.