Lëtzebuerg wënnt och 3:0 géint Färöer Inselen

© CEV
D'FLVB-Selektioun huet seng Hausaufgab gemaach a konnt 3:0 (25:16, 25:14, 25:22) géint d'Färöer Inselen gewannen.
An der Volleyball Silver League hunn d' Lëtzebuerger Hären och hiren zweete Match a Georgie kloer gewonnen. Am leschte Match vun der Qualifikatiounsronn ass de Pompiliu Dascalu kee Risiko agaangen an huet seng Starting 6 aus de leschte Wochen onverännert op den Terrain geschéckt.
Wëllt ee sech fir Finall de nächsten Donneschdeg qualifizéiere, sollt et op all eenzele klenge Punkt ukommen. Ëmmerhin hu quasi zäitgläich déi direkt Konkurrente Schweden, Éisträich an Ungarn en Tournoi ënnertenee gespillt. Hei huet Schweden um Freideg 3:1 géint Éisträich gewonnen.
Am éischte Saz konnt Lëtzebuerg den éischte Break mam Yannick Erpelding um Service gewannen. Doropshi war Rou a Souveränitéit um Terrain. D'Färöer Inselen hunn ouni Drock gespillt a sech gutt gewiert mee d'Iwwersiicht vu Gajin, Braas an Zuidberg war nees eng Kéier ausseruerdentlech gutt. Den Ecart ass lues awer sécher méi grouss ginn an d'Rout Léiwe konnte mam 25:16 e gelongenen Optakt feieren.
Am zweete Saz gouf et en änlecht Bild, wou d'Rout Léiwe fréi a Féierung gaange sinn (8:5). Och de Block vun de Lëtzebuerger stoung dacks op der richteger Plaz (am ganzen 11 Punkten am Match). D'Goldmedailegewënner vun de Spiller vun de klenge Länner an Andorra konnten de Virsprong bis op 11 Punkten ausbauen (25:14). Am drëtte Saz waren d'Färöer Inselen nees méi bësseg. De Saz war laang equilibréiert. D' FLVB-Selektioun huet sech awer net ënner Drock setze gelooss a konnt aus enger souveräner Receptioun (86%) an enger nach besserer Quot an der Attack (48%) de Match decidéieren.
Beschte Scorer war nees eng Kéier de Mateja Gajin mat 23 (!) Punkten. Nach steet awer net fest, wien an der Finall steet.
Um zweete Qualifikatiounstournoi zu Amstetten an Éisträich huet Schweden 3:0 géint Ungarn gewonnen. Dat war fir d' FLVB-Häre gutt. An awer ass nach näischt decidéiert. Elo eppes fir d' Mathematiker ënnert eis:
Gewënnt Ungarn um Sonndeg géint Éisträich mat 3:0, dann hätt Ungarn ewéi Lëtzebuerg 5 Matcher gewonnen an och de Saz-Quotient wier identesch mat 3,75 (15/4). Deemno kéim et op den Punkte-Quotient un, also all Punkten déi eng Ekipp gemaach huet, gedeelt duerch all d'Punkten déi géint se gemaach gouf.
An all anere Fall (Ungarn gewënnt 3:1, 3:2 oder verléiert géint Éisträich) ass de nächsten Donneschdeg, den 3. Juli déi éischt Finall tëschent Lëtzebuerg a Schweden.