Däitschland huet Dänemark no Réckstand mat 2:1 geklappt. Schweden konnt sech kloer mat 3:0 géint Polen behaapten.

Um 2. Spilldag vun der Grupp C konnt Däitschland sech géint Dänemark behaapten an huet elo 6 Punkten um Kont.

An enger ausgeglachener 1. Hallschent louch de Ball fir d'éischt am dänesche Filet, de Gol gouf wéinst enger Abseitspositioun vum VAR zréckgeholl. Op der anerer Säit huet d'Amalie Vangsgaard an der 26. Minutt no Gewulls an der däitscher Ofwier den 1:0 fir d'Skandinavierinne markéiert.

Nom Säitewiessel hat d'Ekipp vum Christian Wück d'Partie méi am Grëff. Fir den Ausgläich huet d'Sjoeke Nüsken per Eelefmeter gesuergt. An der Suite huet Däitschland op den 2:1 gedréckt a gouf an der 66. Minutt belount. No engem ongléckleche Ballverloscht an der dänescher Ofwier konnt d'Lea Schüller de Ball no enger flotter Pass an Déift am Gol ënnerbréngen. Dänemark hat an der Schlussphas näischt méi dogéint ze setzen, esou datt et bei der 2:1-Victoire fir Däitschland blouf.

An der 2. Partie an deem Grupp konnt Schweden sech mat 3:0 géint Polen behaapten. D’Ekipp aus dem Norde war Polen iwwer déi 90 Minutten iwwerleeën. Schonns an den éischte 45 Minutten hu sech d’Schwedinnen eng Chance no der anerer erausgespillt, konnten awer just eng notzen. D’Stina Blackstenius hat an der 28. Minutt den 1:0 markéiert. Polen war och nom Säitewiessel dacks ënner Drock. An der 52. Minutt huet d’Kosovare Asllani op 2:0 erhéicht. Béid Ekippen hunn an der Suite den Tempo erausgeholl. An der 77. Minutt huet d’Lina Hurtig den drëtten a leschte Gol vun der Partie markéiert.
 
Schweden an Däitschland sinn domadder sécher fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert. Dänemark a Polen hu keng Chance méi op den nächsten Tour.

All d'Tabellen am Iwwerbléck