D'Lëtzebuerger Ekippe kennen hir Géigner fir den 1. Tour

© AFP (Archiv)
D'Escher an Diddelenger Häre kréien et mat Géigner vum Balkan ze dinn, genee wéi d'Déifferdenger a Käerjenger Dammen. Diddeleng hat kee Lousgléck.
Och an der Saison 2025/26 wäerte Lëtzebuerger Ekippen um internationale Parquet matspillen. Wéi gewinnt triede si am European Cup vun der EHF (European Handball Federation) un – dat opgrond vum Ranking, dee sech aus de Resultater aus de leschte Joren ergëtt. De European Cup ass déi niddregst Kompetitioun am europäeschen Handball, hannert der European League an der Champions League.
D’Lëtzebuerger Faarwe gi bei den Hären duerch de Champion Red Boys Déifferdeng, de Coupegewënner HC Bierchem souwéi den Drëtten an de Véierten aus der Saison 2024/25, den HB Diddeleng an den HB Esch, vertrueden. An der Damme-Kompetitioun wäerten de Champion HB Käerjeng, de Coupegewënner HB Diddeleng an d’Red Boys Déifferdeng als Tabellendrëtten untrieden.
Hären
En Dënschdeg war an der EHF-Zentral zu Wien d'Auslousung fir déi éischt Tier vum European Cup. Mam HB Diddeleng an dem HB Esch musse just zwou lëtzebuergesch Ekippen am éischten Tour untrieden. Déifferdeng a Bierchem si spillfräi a gräifen eréischt am zweeten Tour an.
Den HBD krut mat HC Butel Skopje eng Ekipp aus Nordmazedonien zougeloust, déi an de leschte Jore schonn e puermol um European Cup deelgeholl huet, awer ëmmer am éischten Tour eliminéiert gi war. De Veräin huet sech zënter senger Grënnung am Joer 2017 konstant no uewe geschafft.
De Géigner vum HB Esch heescht RK Vogošca an ass zënter 2015 reegelméisseg am Challenge Cup respektiv European Cup vertruede gewiescht. An der Saison 2023/24 koum ee bis an d'Aachtelsfinall. Déi 1960 gegrënnt Ekipp huet 2016 an 2023 d'Coupe a Bosnien-Herzegowina gewonnen.
Esch an Diddeleng spillen hir Matcher op de Weekenter vum 6. an 13. September an hunn normalerweis Heemrecht am éischte Spill.
De 15. Juli gouf och schonn den zweeten Tour vum European Cup gezunn. Hei sinn d'Matcher fir d'Weekenter vum 11. an 18. Oktober programméiert.
Bierchem huet mat Oxford University HC, eng aus gréisstendeels Studente bestoend Ekipp, wuel den einfachste Géigner erwëscht. D'Red Boys Déifferdeng treffen op KH Kastrioti aus dem Kosovo. Wa sech Diddeleng am éischten Tour duerchsetze géif, treffe si och op e kosovaresche Vertrieder, de KH Rahoveci. Sollt Esch weiderkommen, spille si géint BK 46 aus Finnland.
Dammen
Bei den Damme mussen déi dräi Lëtzebuerger Vertrieder an der éischter Ronn agräifen. D’Matcher ginn de Weekend vum 27. September a vum 5. Oktober ausgedroen. Diddeleng a Käerjeng hunn am éischte Match Heemrecht, Déifferdeng am Retour.
Den HB Diddeleng hat kee Lousgléck wéi am leschte Joer a kritt et mat Costa del Sol Malaga ze dinn, dem European-Cup-Gewënner vun 2021. D'lescht Saison war Malaga och am European Cup dobäi, mee gouf an der Aachtelsfinall vum spéidere Gewënner Valur aus Island eliminéiert. Virun allem an de leschte fënnef Joer konnt d'Ekipp aus Südspuenien vill Succèse feieren: spuenesch Meeschterschaft 2023, spuenesch Coupe 2020 an 2022, spuenesch Supercoupe 2021.
Och de Géigner vun der Red Boys Déifferdeng dierft keen einfache ginn. WHC Metalurg Avtokomanda huet an de leschte Jore konstant ëm den Titel an Nordmazedonien matgespillt, awer ni gewonnen. 2024/25 hate si hir éischt Participatioun am European Cup a waren direkt am éischten Tour eliminéiert ginn.
De Lëtzebuerger Champion HB Käerjeng trëfft op d'Griichinne vun Anagennisi Artas, déi an de leschten zwee Joer ëmmer an der éischter Ronn vum European Cup ausgescheet sinn. Mat 13 nationale Meeschterschaften an 10 Coupegewënner hu si zwar e flotte Palmarès, mee de leschten Erfolleg läit schonn eng Rëtsch Joren zeréck.
European Cup kee finanzielle Bonus
Eng Geldgrouf ass de European Cup fir d’Lëtzebuerger Ekippen awer net. Wärend an der Champions League an an der European League (Männer a Fraen) schonn ab der Gruppephas Primme fir d‘Untrieden ausbezuelt ginn, kritt een am European Cup eréischt ab dem 3. Tour Suen. A mat 5.000 Euro pro Tour kënnen Härenekippe knapp d’Reeskäschte stemmen. D’Frae kréie vun der EHF souguer just 2.000 Euro pro Tour iwwerwisen. Aus dësem Grond ass et an den éischte Ronnen net ongewéinlech, dass den Aller- an de Retourmatch op engem Weekend op der selwechter Plaz ausgespillt ginn.
Gréissten Erfolleg fir Lëtzebuerg am European Cup
Ob eng Lëtzebuerger Ekipp d’Performance vum HB Esch aus der Saison 2012/13 widderhuele kann, wäert sech weisen. Deemools haten et d’Escher mam Trainer Werner Klöckner am Challenge Cup, wéi d’Kompetitioun deemools nach housch, bis an d’Finall gepackt, wou een zweemol géint SKA Minsk aus Wäissrussland de Kierzere gezunn hat.
Opgrond vum wuessenden Niveau am European Cup wäert esou eng Widderhuelung awer éischter onwarscheinlech sinn. Eng Iwwerraschung ass e puer Ekippe bei Lousgléck awer zouzetrauen. Dem Gewënner vum European Cup wénkt en Upgrade, fir d’Saison drop an der European League ze spillen.