Zu Hamburg ass et eng 7. Plaz fir d'Jeanne Lehair. Eng Victoire gouf et fir de Sebastian Ziekman zu Chisinau a Moldawien.

Op der 4. Manche vun de World Triathlon Championship Series koum d’Jeanne Lehair op déi gutt 7. Plaz zu Hamburg. No dëser Course ass d’Triathletin elo op der 4. Plaz vum WTCS Ranking.

Eng grouss Victoire gouf et dogéint fir den Sebastian Ziekman op der Juniors Cup zu Chisinau a Moldawien. 400m Schwammen, 10 km Vëlo an 2,5 km Lafe stoungen um Programm. Den Tom Heyart iwwerrascht mat enger 2. Plaz.

Zu Magog am Kanada gëtt de Gregor Payet 11. beim Americas Triathlon Cup. De Lëtzebuerger Champion Theo Marti klasséiert sech 2 Plazen hannendrun op der 13. Plaz.

Deemno erëm e positive Bilan fir de Lëtzebuerger Triathlon.