Finn Kemp Champion iwwer 100 Meter Brasse
Beim nationale Championnat am Schwamme waren déi beschte Schwëmmer aus dem Land am Asaz. Et war eng gutt Preparatioun op déi kommend Aufgaben.
All eis beschte Schwëmmer waren um Nationale Championnat präsent. 4 Schwëmmer, Henx , Daleiden, Carneiro a Fabiani, si fir d'Weltmeeschterschaft selektionéiert, keng eenzeg Schwëmmerin. Ugefaange mam Ralph Daleiden, deen och um 400 Meter ugetrueden ass, eng fir de Sprintspezialisten ongewinnten Distanz.
Op den 100 Meter koum et zum Duell tëschent dem Rémi Fabiani an dem Ralph Daleiden. De lescht genannten huet d'Iwwerhand behalen, d’Middegkeet vum 400 Meter huet sech awer um Chrono bemierkbar gemaach.
Pikant war och den Duell op den 100 Meter Brasse, tëschent dem Finn Kemp, dee fir d'Universiade selektionéiert ass an dem Joao Carneiro fir d'Weltmeeschterschaft. De Finn Kemp huet dat lescht Wuert behalen. De Joao Carneiro huet d’Revanche op de 50 Meter Brasse geholl.
Op de 50 Meter Papillon konnt de Julien Henx sech géint de Stanislas Chausson duerchsetzen. Op der Weltmeeschterschaft an 2 Wochen wäert e gutt gefëllte Programm op den erfuerene Schwëmmer waarden.
De Niveau's Ënnerscheed tëschent de Jongen an de Meedercher ass frappant. D’Dan Resl an d'Emma Barthel hunn nach mam Festival Olympique de la Jeunesse en internationalen Héichpunkt a Siicht.
D’ Championnat ass och ëmmer eng Geleeënheet, fir dass d'Schwëmmer an d'Schwëmmerinne perséinlech Beschtzäite schwammen oder eventuell de Sprong an en Nationalkader packen.