Nodeems et bei Boavista F.C. zu Perquisitioune koum, gouf et Rumeuren, ob och de Matbesëtzer vum Veräin, de Gérard Lopez, an d'Ermëttlunge verwéckelt wier.

Wéi eis Vertrieder vum Gérard Lopez e Méindeg den Owend matgedeelt hunn, wier de Matbesëtzer vu Boavista F.C. net an der Affär matugeklot. Hie géing "weiderhi komplett mat de lafenden Ermëttlungen als Geschiedegte kooperéieren", heescht et weider.

An engem ursprénglechen Artikel hat RTL geschriwwen, datt de Gérard Lopez eventuell matugeklot wier, dat stëmmt deemno net.

Wat war geschitt?

Korruptiounsaffären, Wäisswäsche vu Geld, Frauden... Bei Boavista geet et drënner an driwwer. Nodeems de Veräin aus der Géigend vu Porto schonn an déi fënneft portugisesch Liga relegéiert gi war, gouf et um Dënschdeg Perquisitiounen an de Lokaler vum Traditiounsclub. Et geet ëm eng Serie vu Korruptiounsaffären, Wäisswäsche vu Geld an aner Frauden, déi sech tëscht 2023 an 2024 sollen zougedroen hunn. Am Raum steet eng Zomm vun 10 Milliounen Euro.

D'Autoritéiten hunn hire Wee an de Stadion vu Bessa musse forcéieren, well Leit, déi schonn dobanne waren, den Inspekteren net d'Diere wollten opmaachen, mat der Ausried, si hätte keng Schlësselen. Am Ganze si sechs Persounen ugeklot.