
De beschte Stiermer vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp huet een neie Veräin fonnt. De Gerson Rodrigues huet e Kontrakt beim Kanchanaburi Power FC an Thailand ënnerschriwwen. De Veräi spillt zanter engem Joer an der héchster thailännescher Liga.
Fir d’lescht war de Lëtzebuerger un AVS Futebol a Portugal ausgeléint. Säi Kontrakt bei Dynamo Kiew an der Ukrain ass bis Summer 2025 gaangen.
Zanter 2017 huet de Gerson Rodrigues bis ewell fir 13 Veräiner am Ausland gespillt. Hie war a Länner wéi Holland, Frankräich, Moldawien, China, Japan, Tierkei oder och nach der Slowakei. Elo fänkt fir hien dann eng nei Aventure an Thailand un.