Arbitter Patrick Simonelli verstuerwen

© FLH
En Dënschdeg huet d'Lëtzebuerger Handballfederatioun op de Sozialen Netzwierker den Doud vun hirem laangjärege Member Patrick Simonelli matgedeelt.
Den Escher Jong, dee seng éischt Handschrëtt bei der Fraternelle Esch gemaach huet an do all d'Jugendekippen duerchlaf huet, ass no kuerzer, schwéierer Krankheet am Alter vun 52 Joer verscheet.
De Patrick Simonelli war dem Lëtzebuerger Handballpublic an de leschte Joerzéngte virun allem als Arbitter um Terrain oder als Offiziellen um Dësch bekannt. Seng oppen, frëndlech a fair Manéier, mat där hien d'Leit um an nieft dem Terrain behandelt huet, ass bei ville Leit hänke bliwwen a gouf appreciéiert - dat weisen och d'Kommentarer ënner de Bäiträg vun der FLH.
Wärend senger aktiver Karriär als Arbitter war hien ee vun den Initiatore vun Austauschprojete mat den Arbitterkolleegen aus dem Saarland a Rheinland-Pfalz an och aus Éisträich. Dobäi war hie laang Joren och de Reegelchef vun der FLH an huet d'Arbittere Saison fir Saison mat senger Ekipp op Reegelännerunge preparéiert a se hinnen erkläert. No senger aktiver Karriär gouf hien och Delegéierte vun der Europäescher Handballfederatioun (EHF) an huet Lëtzebuerg op internationalem Plang vertrueden. De Simonelli war och eng Rei Jore Member vum Conseil d'administration vun der FLH. Opgrond vu senger Krankheet konnt hien dës Aufgaben zënter enger Zäit net méi ausüben.
Mam Patrick Simonelli verléiert de Lëtzebuerger Handball eent vu senge prägenden, wann och net ëmmer visibele Gesiichter aus de leschte Joerzéngten.