Den zweefache Nationalspiller huet beim däitsche Veräin aus der 1. Liga e Kontrakt bis 2029 ënnerschriwwen, a wëllt sech bei de Profien duerchsetzen.

Am Laf vum Mëttwoch koum d'Nouvelle, dass den Aiman Dardari Profi gëtt beim FC Augsburg. De Veräin aus Bayern huet matgedeelt, dass den 20 Joer ale Stiermer an Zukunft feste Bestanddeel vun der éischter Ekipp wäert sinn, a bis 2029 bei hinnen ënnerschriwwen huet.

De lëtzebuergeschen Nationalspiller, deen och déi marokkanesch Nationalitéit huet, ass beim 1. FSV Mainz 05 ausgebilt ginn a war am Januar op Augsburg an d'Regionalliga gewiesselt. Do konnt den Dardari an 12 Matcher 6 Goler schéissen. Hei zu Lëtzebuerg stoung den 20 Joer ale Futtballer ënnert anerem fir Rouspert an Diddeleng um Terrain.

De Veräin ass vu sengem grousse Potential iwwerzeegt, a gleeft u säin Duerchbroch bei de Profien. Den Dardari schwätzt vun enger sportlecher an enger perséinlecher Weiderentwécklung an de leschte Méint. De Fokus läit op enger konstanter Weiderentwécklung, sou dass hie sengem groussen Zil, an der Bundesliga ze debutéieren, ëmmer méi no komme kann.

Reklamm an eegener Saach konnt de jonke Spiller scho maachen, wéi en am rezenten Testmatch géint Crystal Palace als Joker zur 1:0-Victoire markéiere konnt.

Säi méi jonke Brudder Bilal Dardari spillt iwwregens an der U17 vu Schalke 04.